An der Halschecht vum Eecherbierg féieren Trapen erop bei eng Hiel, wou hannert Gitter eng ugebrannten, liewensgrouss Holzfigur läit.

Et ass dat eng Kopie aus dem 17. Joerhonnert, wéi op där Plaz beim Crispinusfiels eng Grott mat Kräizgank ugeluecht gouf zu Éiere vum Peter vu Mailand, am Volleksmond Péiter Onrou genannt. An de Begrëff "Onrou" huet seng Ursaach, well nieft där Holzfigur sti Käerzen an deenen Nole stiechen oder schwaarz ofgebrannte Spéngele leien.

Et ass dat eng Aart lokale Woodoo-Kult, dee sech duerch Joerhonnerte bis haut gehalen huet. An duerch dësen apaarten Zauber soll erreecht ginn, dass ontrei Männer, wann déi Nole gliddeg sinn, Onrou a Péng an der Géigend vum Häerz verspieren. Dat soll si dann un hir Fra erënneren. An deen, dee sech e bëssen Zäit hëlt, an déi 62 Trapen am Eecherbierg bei de Péiter Onrou eropklotert, dee kann do an der Hiel, mat e bëssen Chance, Käerzen brenne gesinn an deenen … Nole stiechen.