1895 huet de Schampesfabrickant "Mercier" zu Koplescht eng Weideplantage ageweit, fir de Schampes a Weidekierf kënnen ze verpaken.

Iwwer 200 Leit hunn do op engem Areal vun 42 ha eng Aarbecht fonnt.

Mä och Kanner hunn an de Plantagen am Accord geschafft.

Den Direkter Edgar Cossé hat och eng pragmatesch, enk Verbindunge mat der Kierch an huet drop gehalen, dass seng Aarbechter hiren „reliéise Flichten“ nokéimen.

Hien huet sech och eng Éier draus gemaach, mat illustere Gäscht, wéi dem Grof Zeppelin, zu Koplescht virzefueren. Do kruten d’Invitéen da seng Weideplantage a Kuerflechter virgefouert, ier se an engem schicken „Gästehaus“ verwinnt goufen.

U Luxus an Extravaganz huet et an dëser Belle-Epoque-Zäit bei de Cossé net gefeelt.

Mat 52 Joer ass den Direkter Edgar Cossé 1908 gestuerwen a gouf zu Hollerech begruewen. Seng Weideplantagen awer hunn hien 20 Joer iwwerlieft a bis 1928 zu Koplescht existéiert.

An do laanscht d’Mamer kann een haut nach Spure vun der grousser Weiden- a Kuerfproduktioun aus der Belle Epoque entdecken.