Et wor emol ... zu Lëtzebuerg
D’Rousekinneken - 2. Deel
Et wor emol zu Lëtzebuerg: "D’Rousekinneken" (Deel 2)
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen déi een scho bal vergiess hat.
An der Belle Epoque goufe pro Joer tëscht 3 a 6 Milliounen Rousestäck vun den dräi Lampertsbierger Gäertnereien an d'ganz Welt exportéiert.
Duerch den Ausbroch vum 1. Weltkrich an der Rezessioun ass d‘Rousegeschäft dunn ëmmer méi zréckgaangen. Mä déi deemoleg legendär Kreatiounen „Malakoff“, „la Noblesse“ an anerer hunn d‘Zäiten iwwerlieft a ginn zu Mënsbech am Rousegaart geheegt a gefleegt.
Jiddefalls en Tierchen op Mënsbech an dëse liewege Rousemusée lount sech allemol, do wou d‘Lëtzebuerger Rousefrënn mat vill Kënnen an Engagement versichen, en Deel vun enger brillanter Lëtzebuerger Rouse-Vergangenheet eriwwer an d‘Zukunft ze retten.














Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies