Den Nikloskierfecht um Glacis, och Notre Dame-Kierfecht genannt, gëtt well am Joer 1691 ernimmt.

Wien 1779 d'Nikloskierch um Krautmaart ofgerappt gouf  ass de Kierfecht um Glacis mam Numm Nikloskierfecht ëmmer méi wichteg ginn. Sou och wéi en e Gemengenuert gouf, deen net méi enger Por ënnerstanen huet, a wou all Bierger konnten do begruewe ginn. De Kierfecht war a Sektiounen opgedeelt, proportional zur Gréisst vun de reliéise Communautéiten.

Am Entwerfen an Realiséieren vun Grafmonumenter war d‘Firma Jaquemart vu Capellen international bekannt, déi vill Monumenter a Grafsteng op de Paräisser Père Lachaise exportéiert huet. Mä och um Nikloskierfecht si vill imposant Grafmonumenter entstanen, déi e bëssen un de Père Lachaise erënneren.

Den Historiker Robert Phillipart, dee bal all Graf kennt, gesäit den Nikloskierfecht och als en Uert, wou ee sech treffe kann,  als eng Aart „lieu de mémoire“ .