Drogen: Wéi besser schützen ouni ze verdäiwelen?
Drogen legaler an illegaler gehéieren zum Alldag, braucht et eng méi realistesch Drogepolitik wa Verbuet eleng net gräift?
De Mënsch ass genossgestéiert, just wou hält deen op a wou geet de Schued u fir Kierper a Geescht bei Drogen? Dat hänkt vum Eenzelen of, mä et weess een haut genee, wat d'Auswierkunge sinn. D'Drogepolitik dréit deem awer just deels Rechnung, Alkohol an Tubak mat héijem Suchtpotential sinn erlaabt, anersäits huet och nach kee Risiko oder Verbuet derzou gefouert, dass keng illegal Droge consomméiert ginn.
Cannabis gëtt, dem Europäeschen Drogerapport no, am meeschte konsuméiert, wat och zu Lëtzebuerg zu enger Pro-a-kontra-legaliséieren-Debatt gefouert huet. Mä léist dat de Problem? Wéi kënne Geforen a Risiken esou kleng wéi méiglech gehal ginn, ouni all Konsum ze verdäiwelen oder ze bestrofen? Wat ass eng efficace Präventioun, virop bei Jonken? Wéi si schützen a begleede bei Problemer, a wéi deenen hëllefen, déi ganz wäit an der Sucht gefaange sinn? A wéi wäit mussen d'Politik an onse Bléck op Drogen iwwerduecht ginn, wat ass d'Realitéit um Terrain, wat sinn nei Usätz a Projeten?
Dat diskutéiere mir mat dësen Invitéen:
Gilles Rod
Direkter CNDS
zukënftegen Direkter Oeuvre Nationale
René Meneghetti
Chargé de Direction IMPULS
Psycholog
MATHIS
mat Impuls de Wee aus den Droge fonnt
Pascale Petry
Direktesch Lycée Michel Lucius
Carlos Paulos
Vizepresident 4motion
Responsabel Projet Pipapo
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.