Milliarde fir d’Defense: Ouni Diskussioun?
Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?
Lëtzebuerg kéint 9 bis 10 Prozent vu sengem Budget mussen an d'Defense investéieren. D'USA fuerderen, datt d'NATO-Memberlänner 5 Prozent vun hirem PIB fir d'Verdeedegung ausginn. Fir de Grand-Duché géif dat 3 Milliarden Euro ausmaachen Eng massiv Hausse iwwert déi en Donneschdegowend am Kloertext op der Tëlee diskutéiert gouf.
D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sot zu Bréissel, si géif hoffen, datt et eng gewësse Flexibilitéit géif ginn. 10 Prozent vum Staatsbudget wier extrem schwiereg, mä dat decidéiert sech Enn dës Mounts um NATO-Sommet.
Fir de Generol Steve Thull, de Chef d'etat major vun der Arméi, ass op alle Fall kloer, datt mer eng besser Defense brauchen:
"Et ass jo esou, datt de Putin och weider amgaang ass, ganz vill z'investéieren. En huet eng Krichindustrie opgebaut a produzéiert den Ament méi wéi dat wat e fir de Krich an der Ukrain brauch. Wann also déi Stocken amgaang si sech méi séier no uewen z'entwéckelen a mir bréngen et net fäerdeg, deem eppes Credibeles entgéintzesetzen, dann hu mer jo erëm eng Kéier d'Gefor, datt mer als schwaach ugesi ginn."
Mir missten am Viraus weisen, datt mer am Stand sinn, eis laangfristeg ze wieren, ënnersträicht de Generol Thull. De Raymond Becker, deen d'Friddensplattform matgegrënnt huet, vermësst, datt iwwert déi héich Depensen diskutéiert gëtt a versteet och net, datt d'Stäerkt vun der NATO net wouergeholl gëtt:
"Wat mech ëmmer e bëssen an der ganzer Diskussioun stéiert, dat ass, datt mer esou maachen, wéi wa mir als NATO militäresch am Kalzong géingen do stoen. Dat ass jo net richteg. D'NATO gëtt 60 Prozent vu sämtleche Militärausgaben weltwäit pro Joer aus. Mir sinn eng Force! Dat musse mer eis bewosst sinn."
Den onofhängege Journalist Philippe Schockweiler ass dacks an der Ukrain. Hien ënnersträicht wéi grouss d'Gefor ass, déi vu Russland ausgeet. Hie géif sech schwéier dinn, d'Menace no all de Krichsverbriechen erofzespillen:
"Si ass vläicht elo hei zu Lëtzebuerg net eng militäresch Gefor, mä si existéiert als Gefor an eisem Smartphone, am Cyberspace, wou mer attackéiert ginn, si existéiert an de soziale Medien, mir kënnen eis d'Kommentarspalten bei RTL ukucken, do sinn och russesch Troll-Accounts drënner. Dat ass e Fakt. Lëtzebuerg, d'EU, d'Nato sinn an der ligne de mire vu Russland. Als erkläerte Krichsgéigner, als erkläerte Krichszil."
Trotzdeem bleift d'Fro, wou d'Sue fir eng drastesch Hausse vun de Militärausgaben hierkommen. Datt just eng Reprioriséierung néideg ass, déi net op d'Käschte vum Sozialstaat geet, gleeft den André Marques, Co-Spriecher vun déi Lénk net:
"Dat ass net eppes, wat mer just haut ausginn. Dat ass e Commitment. Déi Suen, déi 1,2 Milliarden, déi elo eraus ginn an déi, déi um NATO-Sommet decidéiert ginn, dat ass net eppes, wat mer just een oder zwee Joer bezuelen, mä dat ass iwwert 10, iwwer 20, iwwer 30 Joer. Déi musse finanzéiert ginn. Dat leeft iwwer Steiersuen. Do wäert d'Mëttelklass ganz staark drënner leiden. Dat leeft iwwer Scholden obwuel mer déi ganzen Zäit gesot kréien, mir wéilte keng Scholden fir déi Jonk maachen, well déi scho genuch belaascht sinn."
Och de Raymond Becker fäert, datt d'Hausse vun den Depensen op d'Käschte vun aneren Ausgabe geet a freet sech, firwat net a Konfliktfuerschung investéiert gëtt.
Invitéeë sinn en Donneschdeg
Generol Steve Thull
Chef d’Etat Major vun der Arméi

© Didier Weber
Phillippe Schockweiler
onofhängege Journalist, deen dacks an der Ukrain ass

Raymond Becker
Matbegrënner vun der Friddensplattform

André Marques
Onofhängegen Historiker a Co-Spriecher vun déi Lénk
