2018 soll de Kulturentwécklungsplang stoen, laang scho gëtt un enger Visioun gebruckt, de Secteur brauch kloer Strukturen an eng Professionaliséierung.

Wéi hu mir et mat der Kultur? D'Assise ware fir d'Bestandsopnam, duerno gouf weider diskutéiert, wat d'Artiste brauchen. 2018 da soll de Kulturentwécklungsplang stoen, mä wat sinn d'Konditiounen fir eng weider Professionaliséierung?

A wat ass da lo genee dee Plang, wat kënnt do drastoen, wéi verbindlech ass en, kann et wierklech eng Marschrichtung fir déi nächst 10-15 Joer sinn? Wat braucht et zu Lëtzebuerg fir eng richteg Professionaliséierung vun der Kultur, wat brauchen d'Artisten a wat kann ee bis elo vun der Kulturpolitik vun dëser Regierung halen ?

Dat diskutéiere mir mat dësen Invitéen:

RTL

Carole Lorang
Presidentin Theaterfederatioun
Metteuse en scène

RTL

Carl Adalsteinsson
Artisteschen Direkter CAPE

RTL

Josée Hansen
Auteure / Kulturchefin L. Land

RTL

Jeff Schinker
Auteur / Kulturchef Tageblatt

RTL

Jo Kox
President Focuna
Coordinateur Post – Assisen

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.