Thema: Gemengewahlen 2017
Eng Woch virun de Gemengewahlen hu mir de Bilan gezunn: Wat waren d'Haaptthemen, wat steet um Spill a wéi lieft et sech an eise Gemengen?
Gemengewahle si keng national Wahlen, mä 105 verschidde Situatiounen an awer bëssen Testwahl? Mir hunn d'Haapttheme vum Walkampf diskutéiert, hunn e Bilan gezunn, hu gekuckt wat d'Bierger vun hire Politiker erwaarden an hu gekuckt, wat e gudde Buergermeeschter ausmécht?
RTL-NEWS vum Freideg: Ëmfro Gemengewahlen (1) - Zefridden an awer Loscht op e Wiessel.
Iwwert déi sëlleche Sujeten hu mir mat dësen Invitéë geschwat:
Alex Bodry
Fraktiounschef LSAP
Fréieren Député-Maire Diddeleng
Paul Henri Meyers
Deputéierten CSV
Fréieren 1. Schäffe Stad
Pol Helminger
President Cargolux / Luxair
Fréiere Stater Buergermeeschter DP
Marco Thomé
Generalsekretär FGFC
Laura Zuccoli
Presidentin ASTI
D'Emissioun gouf wéi ëmmer presentéiert a moderéiert vum Caroline Mart.
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.
