Sondage: 25% vun de Leit fanne Relioun nach wichteg
Trennung vu Kierch a Staat, kee Reliounsunterrecht méi a Sträit tëscht Syfel a Bistum. D'Kierch huet am leschte Joer fir vill Schlagzeile gesuergt.
An e puer Deeg sinn d'Kierchen a d'Kierfechter uechtert d'Land nees aussergewéinlech gutt besicht fir Allerhellgen. Wéi vill der dat aus Traditioun a wéi vill aus déiwer chrëschtlecher Iwwerzeegung maachen, dat ka kee soen, mä mir stellen d'Froen:
Wéi hunn d’ Lëtzebuerger et mat der Relioun a wéi e Stellewäert huet déi kathoulesch Kierch nach an onser Gesellschaft? Wéi ass et mat de Reforme vun der Regierung, ass d’Kierch geschwächt an an der Kris oder ass et eng Chance, fir sech nei ze positionéieren?
Wéi grouss ass Zoustëmmung fir d’Trennung vu Kierch a Staat ganz allgemeng an dofir, dass et zanter dëser Rentrée guer kee Reliounsunterrecht méi an onse Schoule gëtt?
D’Kierch huet sech missen upassen an och verännert, mä si ass och ëmmer nach intern zerstridde wéinst de Kierchefabricken, wéi grouss ass de Gruef tëscht Syfel a Bistum? A wéi wäit huet den Onmutt bei enger Partie Wieler och bei de Gemengewalen eng Roll gespillt an derzou gefouert, dass d’CSV gestäerkt gouf?
Sondage "Trennung vu Kierch a Staat"
Am Optrag vun RTL huet d'TNS/Ilres 500 Leit zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si zu der Kierch stinn. An dobäi kann ee feststellen, datt d'Majoritéit vun de Leit sech fir d'Trennung vu Kierch a Staat a géint en obligatoresche Reliounsunterrecht ausschwätzen. Ganzer 71 Prozent vun de Leit schwätze sech dofir aus, datt de Staat d'Gehälter an d'Pensioune vun de Paschtéier net méi finanzéiert.
A wéi eng Analys mécht de Bëschof?

Kloertext: Exklusiven Interview mam Äerzbëschof
Mat diskutéiert hunn:
Léon Wagener, Generalvikar
Taina Bofferding, Atheistin (AHA), LSAP-Deputéiert a Conseillère
Michel Pauly, pensionéierte Professer fir Geschicht UNI.lu, Mataarbechter Forum
Marc Linden, Vizepresident SYFEL
Allerhellegen an Allerséilen: Griewerseenungen a Massen op ee Bléck!
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.
