2 Joer laang war den Äerzbëschof éischter ënnergedaucht. Elo schwätzt hie mat eis iwwer d'Reforme vun der Kierch an de Sträit mam Syfel.

Well den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Roum ass, kann hien net um der Emissioun deel huelen, fir iwwer déi aktuell Situatioun a Problemer vun der Kierch ze schwätzen. Dofir waren d'Kollege vun der Tëlee ugangs der Woch beim Papp vun der Lëtzebuerger Kierch, fir mat him iwwer d'Situatioun ze schwätzen a säi perséinlechen Avis dozou ze froen.

Dëse ronn 12 Minutte laangen Interview gouf am Kader vum Kloertext virun der Emissioun op der Tëlee gewisen.

An engem representative Sondage vun TNS-Ilres, deen d'lescht Woch gemaach gouf, ass erauskomm, datt nach grad emol 25% d'Relioun als wichteg empfannen. Nawell gesäit den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich d'Kierch no der politescher Trennung net geschwächt. Et wier awer e Grond, datt eppes misst geännert ginn. A sou eng Ännerung kéint een och als Chance gesinn.

Den Äerzbëschof huet op en Neits ënnerstrach, hie wier net Demandeur gewiescht, fir d'Conventioun mat der Regierung an huet sech och géint de Reproche vum Syndikat vun de Kierchefabrécke gewiert vun der Regierung ugeschmiert ginn ze sinn.

De Jean-Claude Hollerich rechent domadder, datt manner Kanner a Jugendlecher no der Ofschafung vum Reliounsunterrecht an de Poren an der Katechèse ginn. Et géifen déi bleiwen, déi wierklech gleeweg sinn.

Ugeschwat gouf den Chef vum Bistum och op d'Ofsetzung vum Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort Jean-Lou Siweck. De President vum Wort-Verwaltungsrot Luc Frieden hätt den Äerzbëschof säi vollste Vertrauen, déi richteg Decisioun geholl gehat ze hunn.  Op den "C" nach an der CSV erëmzefanne wier, dat géif vun den eenzelene Politiker ofhänken, sou den Äerzbëschof, dee seng wéineg Präsenz an der Ëffentlechkeet an der Lescht iwwregens ënnert anerem mat gesondheetleche Problemer erkläert huet.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.