Relioun spillt ëmmer manner wichteg Roll fir d'Lëtzebuerger

Am Kader vum Kloertext ronderëm d'Kierch hat RTL eng Ëmfro bei TNS-Ilres an Optrag ginn.
Fir nach just knapp 7 Prozent vun de Befrote spillt d'Relioun eng ganz wichteg Roll. Fir 71 Prozent ass se manner oder esouguer onwichteg.

D'Trennung vu Kierch a Staat gëtt vun 71 Prozent vun de Leit begréisst.

D'Verhältnis tëscht Kierch a Staat net méi iwwer d'Verfassung ze regelen fanne ronn 65 Prozent vun de Leit gutt. Enthale hu sech bei dëser Fro eng 12 Prozent.

Ronn 22 Prozent vun de Befrote sinn der Meenung, datt d'Gehälter an d'Pensioune awer weider vum Staat sollte finanzéiert ginn.

De Staat subventiounéiert awer weider d'Reliounen hei am Land. Do sollen déi Gelder elo op 6 Konfessiounen opgedeelt ginn, wat 60 Prozent vun de Befrote gutt fannen, just 17 Prozent vun hinne sinn domadder glat a guer net averstanen.

D'Gemengen dogéint sollen awer net méi Kierchefabrike musse matfinanzéieren, dat op d'mannst, wann een 65 Prozent vun de Befrote géif nolauschteren.

Och 65 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, datt et gutt ass, datt de Wäerteunterrecht elo d'Reliouns- a Moralecoursen an der Schoul soll ersetzen.

Ma awer just 44 Prozent sinn der Meenung, datt et déi ideal Léisung ass. Ëmmerhinn denke 47 Prozent, datt een e Choix misst hunn, sief dat just tësch Relioun a Morale oder och nach dem Wäerteunterrecht dobäi. Just 7 Prozent vun de Befrote behaapte sech weider op en obligatoresche Reliounsunterrecht.
Technesch Detailer: 500 Leit si befrot ginn, representativen Echantillon vun der Bevëlkerung (Ponderatioun op dëse 5 Variabelen: Alter, Nationalitéit, Regioun, Geschlecht an Aktivitéit), am Zäitraum vum 23. bis de 25. Oktober, all d'Interviewe sinn iwwert de Panel vun TNS Ilres gelaf.