Aarbecht : Wéi, wéini a wou (muer) schaffen?
Wien an Zukunft schaffe wëll, muss flexibel sinn a mat der digitaler Zäit goen, a wien dat net kann, deen huet Pech?
Wéi, wéini, wou a wéi laang schaffe mir muer? Digitaliséierung revolutionnéiert den Alldag, gëtt awer keng Äntwert op d’Fro vum Wäert vun der Aarbecht a wéi maachen, dass keen op der Stréck bleift? Wat fir nei Modeller a Regele braucht et fir d'Aarbecht?
De moderne Mënsch muss virun allem eppes sinn: Flexibel, sech permanent upassen, ugefaangen op der Aarbecht, déi klassesch Carrière an engem Beräich ass en Auslafmodell. Si ka sech ëmmer nees nei ze erfannen, och am Kontext vun den digitale Fortschrëtter. Déi Zort vu Revolutioun bedeit awer och, dass nei Regele musse verhandelt ginn, wéi ons Aarbechtswelt an Zukunft organiséiert gëtt?
Wann ëmmer méi Aarbecht vu Maschinnen, vu Roboteren, bis bei Computere mat kënschtlecher Intelligenz iwwerholl gëtt, bedeit dat méi fräi, a manner Aarbechtszäit fir d'Mënschen? Oder méi Chômage an eng Gesellschaft, déi gespléckt ass tëscht deenen, déi digital fit sinn an deenen, déi ofgehaange ginn, an dat grad esou bei Betriber, wéi Persounen. Wat ass de Wäert vun Aarbecht, wéi gëtt en an Zukunft gemooss, vu wou aus geschafft, wéi kennen, an Zäiten vu permanenter Erreechbares, Privat a Beruffsliewe getrennt ginn. wéi vill ass de Wandel, d'Responsabilitéit vun all Eenzelnen, wou déi vu Patronat, Politik a Gewerkschaft a wéi gesi Jonker, déi ons digital wäit viraus sinn, hir Zukunft – just roseg an onbegrenzt?
Iwwer Chance a Risiken vun der neier Aarbechtswelt diskutéieren:De Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen de Rifkin-Prozess an eng Diskussioun iwwert Aarbechtszäitverkierzung lancéiert hat.
De Jean-Jacques Rommes, Administrateur Délégué vun der UEL, dee sech fir de Rifkin-Prozess, sech awer net fir eng Aarbechtzäitverkierzung begeeschtere kann.
De Jean-Claude Reding, President vun der Chambre des Salariés, déi eng Etude iwwer d'Konsequenze vun der Digitaliséierung mécht, sech awer scho seng Gedanken iwwer d’Risike gemaach huet.
De Marco Houwen, engem vun de Lëtzebuerger Internet-Ppionnéier a President vun LU-CIX, dee virun allem enorm Chance a Potential gesäit
An zwee Jonken, den Damir Babacic vum Dikerecher Lycée an den Olivier Cano vum Sportlycée, déi allen Zwee um Innovation Camp vun de Jeunes Entrepreneurs deelgeholl hunn an do eegen Zukunftsiddien entworf hunn.
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.