Animéierten Debat tëscht Schneider a Rommes
De Minister an de Vertrieder vun der UEL schwätzen am Kloertext iwwer d'Produktivitéit an d'Verdeele vun de Gewënner vun der Produktivitéit.
Seet de Jean-Jacques Rommes nach, datt ee léiwer géif d'Produktiounsgewënner als Revenue verdeelen, an net als verkierzten Aarbechtszäit, well een d'Leit jo brauch, ass de Minister iwwerhaapt emol Frou, datt d'Patronat deele wëll.
Fir de Minister ass awer kloer, datt, egal op méi Loun bei gläicher Aarbechtszäit oder verkierzt Aarbechtszäit bei gläichem Loun, kann ee mam Patronat eng Léisung beim "Verdeele" fannen.
Kuckt déi ganz Emissioun vum Kloertext zum Thema "Aarbecht: "Wéi, wéini a wou (muer) schaffen" e Sonndeg den Owend géint 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg oder am Livestream op RTL.lu.