Mir hunn net doriwwer diskutéiert, ob den Tram eis Verkéiersproblemer entspane wäert, mee iwwert déi individuell Elektromobilitéit.

Nach rullen déi Mannst vun ons mam Elektroauto, bis 2050 solle mir awer - esou d’Rifkin-Visioun - all dermat fueren, mä wou si mir elo drun, a wéi wäit sinn d’Konditioune scho ginn an d’ Wäiche richteggestallt? Wéi propper kann een déi Elektromobilitéit nennen, wann d’Produktioun alles anert wéi emissiounsfräi ass, wéi garantéieren, dass et keng Enkpäss a Problemer mam Reseau ginn, wa bis massiv via Steckdous opgelueden an ideal jo dann och just mat erneierbaren  Energien. Wéi Batterien a Fuer-Autonomie verbesseren, wou ass d’Fuerschung drun, och wat autonoomt Fuere betrëfft? Wéi wäit kann a soll d’Politik dee Wiessel aktiv förderen, wat sinn haut schonn Erfahrungswäerter a wéi muss d’ Autos-Branche ëmdenken an nei Geschäftsmodeller erfannen ... dat hu mir mat dësen Invitéen diskutéiert:

INVITÉEN

François Bausch
Infrastruktur- an Transport-Minister

RTL

Tom Eischen
Generaldir. Energie am Wirtschaftsministère

RTL

Ed Goedert
Fréiere President ADAL

RTL

Raphaël Frank
Fuerscher Uni Lëtzebuerg

RTL

Samuel Dickes
Fiert zanter 3 Joer Elektroauto

RTL

Pascal Becker
RTL-Journalist an Autosexpert

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.