Schützt dat neit Gesetz d'Dignitéit vum Déier? Dat war de Sujet an der Emissioun e Sonndeg Owend beim Caroline Mart an do goungen d'Meenungen auserneen.

"Die Würde des Mënschen ist unantastbar" – sou heescht et am däitsche Grondgesetz. Bei ons steet dat zwar nach net explizit an der Verfassung, mä Mënscherechter sinn duerch genuch Gesetzer gutt geschützt. En neie Projet de loi soll elo och den Déieren hir Dignitéit zougestoen, si ginn do net méi als eng Saach, mä als e Wiese mat Gefiller betruecht.

Ma wat bedeit dat an der Praxis, wéi wäit geet déi Dignitéit? Wéi gutt ass deen neien Text, wéi grouss de Progrès a wéi konsequent ass ons Mënschen eist Verhältnes zu den Déieren? Wat bedeit konkret "den Déiere gerecht ginn"?

Kloertext: Thema Déiereschutz
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Eng ganz vast Debatt, wou - nieft dem Prinzip - zwee Aspekter beliicht goufen: D'Situatioun vun Notz- an déi vu Versichsdéieren. Zwee Themen, déi mat villen Emotioune besat sinn, wou direkt vill Biller an de Kapp kommen ... an doriwwer hunn diskutéiert:

Raoul Pütz, Veterinär (Administratioun vun de Veterinärszerwisser)

Guy Majerus, Professer Akerbauschoul Ettelbréck

Nadine Sulzbacher, Déiererechtlerin, Member Comité ALPA

Roger Schauls, Vizepresident Mouvement Écologique

Prof. Dr. Rudi Balling, Direkter LCSB Zenter fir System-Biomedizin

Adela Fuentes, Matgrënnerin Amiavy

Uganks vun der Sendung goung et prinzipiell ëm d'Fro, ob dat neit Déiereschutz-Gesetz e Progrès ass oder net, an do ware sech 4 vu 5 Invitéen eens, just fir d'Nadine Sulzenbacher vun der ALPA ass dëst Gesetz eng Zort "Mogelpackung", well den Text kléngt gutt, mä ännert näischt am Fong fir d'Déieren ... "esou laang ewéi déi Dignitéit, déi den Text hinnen zouschwätzt, just um Pabeier existéiert, mä si soss keng weider Rechter hunn". Virun allem awer sou laang se weider ewéi Saache benotzt an och an den Ae vun der Nadine Sulzenbacher "ëmbruecht" gi kënnen. Si huet vun der Ideologië vum Carnismus geschwat.

Et war deels eng extrem kontrovers Diskussioun, wou virop zwee Invitéen diametral entgéintgesatene Meenunge vertrueden hunn: d'Déierechtlerin Nadine Sulzenbacher (den Term "Déiereschützer" acceptéiert si net fir sech) an de Bauer a Proff vun der Akerbausschoul Guy Majerus.

Do, wou et fir deen een eng natierlech Hierarchie gëtt tëscht Mënsch an Déier, déi ons d'Recht gëtt, iwwert d'Béischten ze bestëmmen, si ze ziichten an och z'iessen, do si fir d'Nadine Sulzenbacher all d'Liewewiesen d'selwecht vill wäert, a mir Mënschen hu kee Recht, ons iwwert d'Déieren ze stellen, mir wiere selwer jo just eent vu villen.

Déi ganz Debatt, ob am Schluechthaus d'Reegelen agehale ginn, wollt si och net féieren, wëll se prinzipiell géint d'Schluechten ass. Déi aner Invitéen an der Ronn hunn awer all vu strengen Kontrolle geschwat. Fir de Roger Schauls, Vizepresident vum Mouvement Écologique, wieren awer mobil Schluechthaiser eng gutt Alternativ, déi de Béischte vill Stress am Transport kéinten erspueren. "Kee stresst d'Béischten onnëtzt", war d'Äntwert vum Veterinär vun der AVS, Raoul Pütz, deen zu Ettelbréck kontrolléiert, schonn eleng wëll soss d'Qualitéit vum Fleesch manner gutt ass. An de Raoul Pütz ass och net iwwerzeegt, ob all déi héich aktuell Standarden (ë.a. an der Hygiène) och an enger mobiller Unitéit kéinte garantéiert ginn.

Verbesserunge bräicht et nach apaart fir Schwäin a Kéi, sot de Roger Schauls, deen net averstanen ass mam Guy Majerus, dass Notzdéieren nach ni esou aartgerecht gehal goufen ewéi elo. Fir de Mouvements-Vertrieder misst et quasi en "Recht ginn op wullen an op d'Weed goen ze kënnen". Et kéint net sinn, dass e Schwäin fiert d'éischt a lescht Dagesliicht gesäit um Wee an den Transporter fir an d'Schluechthaus.

Wa guer keng Notzdéiere méi géife gehale ginn, da géingen déi jo awer ausstierwen, kee Bauer hält Béischte just fir d'Freed - och wann de Guy Majerus betount huet, dass all Bauer Gefiller a Respekt fir seng Déieren huet. "Guer kee Problem", sot d'Nadine Sulzenbacher, déi hätte jo souwisou net gefrot, op d'Welt ze kommen a wiere komplett vun hirer Natur verfriemt an degeneréiert duerch d'Ziichten.

Do huet et de Guy Majerus bal net méi op sengem Stull gehalen an déi 2 Weltbiller sinn an hire ganzen Ënnerscheeder däitlech ginn.

De Roger Schauls huet nach bemierkt, dass ouni Notzdéieren och soss keng nohalteg Landwirtschaft méiglech wier, well et d'Mëscht vun de Béischte bräicht, fir de Buedem fruchtbar ze maachen.

RTL

© Eric Steichen

Am leschten Deel vun der Sendung goung et ëm d'Situatioun vu Versichsdéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt am LCSB, dem Lëtzebuerger Zentrum fir System-Biomedezin, u Mais an un Zebrafësch gefuerscht. Den interdisziplinären Zenter vun der Uni Lëtzebuerg ass spezialiséiert an der Fuerschung vun neurogenerative Kränkten ewéi Parkinson oder Alzheimer. "Dat si ganz komplex Kränkten an do geet et leider net duer, fir un eenzelnen Zellen ze fuerschen", sot den Direkter, de Professer Dr. Rudi Balling. Dass net all Fuerschung un d'Déieren eent zu eent op de Mënsch ze iwwerdroen ass, huet hien guer net ofgestridden, mä et géing een awer nëmmen esou de Mechanismus vu Kränkte richteg verstoe kënnen.

D'Argument vum Nadine Sulzenbacher, déi sech och op Associatioune wéi "Doktere géint Déiereversich" beruff huet, et géif scho genuch Alternative ginn, z.B. Computermodelisatiounen, huet den Dr. Balling och net gëlle gelooss: "Nach si mir net esou wäit, sot de Fuerscher." D'Zil wier wuel, dohinner ze kommen, awer d'Komplexitéit vu Liewewiese wier nach net "nozebauen" - weder virtuell nach am Labo. Hien huet genee beschriwwen, wat wéi gefuerscht gëtt, dass och alles genee kontrolléiert gëtt, mä weder d'Nadine Sulzenbacher nach d'Adela Fuentes konnt hien iwwerzeegen. Si souz am Public a setzt sech am, fir Hënn ze vermëttelen, déi am Ausland a Laboe waren, a sensibiliséiert mat hirer Associatioun Amiavy géint Déiereversich.

Fazit vum Kloertext: All Invitéen hu vum Respekt virun den Déiere geschwat, mä deels eppes komplett aneres dorënner verstanen, all kruten se awer d'Geleeënheet, hire Standpunkt mat Argumenter ze beleeën.

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.