Woufir stinn d'Sozialisten?
Déi Fro stellt sech uechter Europa an och fir d’LSAP. Ëm dëse Sujet goung et e Sonndeg den Owend och an der Emissioun Kloertext beim Caroline Mart.
Woufir steet LSAP? Déi Fro, déi am Kloertext gestallt gëtt, ass aktuell a lancéiert vu gläich zwee verschiddene Gruppen an der Partei, déi sech iwwert de Wee vu Bréiwer un hir Parteileedung gewannt hunn, ee vum sougenannte “lénken“ oder gewerkschaftleche Flillek ënnerschriwwe vun 54 laangjärege Memberen, an een anere vun 10 méi jonke Memberen, ënnert hinnen och 4 Deputéiert.
Nach méi aktuell ass d’Debatt, well se jo net just d’LSAP betrëfft, mä uechter Europa en Trend besteet, dass d’sozialistesch Parteie vu Wahl zu Wahl méi Wieler verléieren. An Däitschland no all grousser Koalitioun mat der CDU- CSU, wat och erkläert, firwat esou eng hefteg Debatt gefouert gouf, ob d’SPD sech nach eemol sollt an eng grouss Koalitioun aloossen oder net. Debatt, déi ëffentlech ausgedroe gouf, um Kongress virun enger Woch a wou all Säite mat hiren Argumenter zu Wuert koumen, wou um Enn vum laangen Dag en ugeschloene Parteichef Martin Schulz awer nach bei d’Anne Will an de Studio koum, fir seng Positioun ze vertrieden.
Zu Lëtzebuerg ass zwar Uganks vun engem Weckruf un d’Partei rieds gaangen, mä eng grouss Debatt ass net erwächt, am Géigendeel. Den designéierte Spëtzekandidat Etienne Schneider hat als Invité vun der Radio-Redaktioun sengen Truppe kloer an däitlech gesot: loosst ons eis knaschteg Wäsch intern wäschen, wien an d’Ëffentlechkeet geet, dee schuet der Partei. Weder hien nach soss ee Regierungsmember hunn awer virun de Kloertext Mikro gewollt, och vun der Parteispëtzt war kee Vertrieder disponibel oder wollt et sinn, et goufe souguer Invitéen, déi zougesot hunn, an dann nees ofgesprongen sinn.
Natierlech ass do Drock gemaach ginn, sot d’Danièle Igniti, laangjäreg ganz engagéiert LSAP-Member am Kloertext an huet gemengt, dass een esou eng Debatt net verhënnere kéint. Et misst ee sech och froen, firwat Leit dee Wee iwwer Bréiwer ginn, dach nëmmen, wëll se soss net Gefill hätten, gehéiert ze ginn.
Och de fréieren LSAP-Wirtschaftsminister Robert Goebbels sot ganz kloer, do kann een net einfach den Deckel drop maachen, der Diskussioun sollen eng Partei an hir Mandataire sech stellen, den Etienne Schneider hätt och kloer missen an der Ronn derbäi sinn, eng Meenung, där sech och déi aner Invitéen, de Sammy Wagner, Schäffe vu Stengefort a fréieren President vun der JSL, de Fabio Spirinelli, Generalsekretär vun de Jongsozialisten, an de Nico Wennmacher ugeschloss hunn.
Kee vun hinnen huet d’Noutwennegkeet vu enger ëffentlecher Debatt a Fro gestallt, kee wollt awer och de Reproche gëlle loossen, der Partei schueden ze wëllen. Si all definéiere sech als engagéiert Membere vun der LSAP, deenen et ëm d’Saach geet. D'Diskussioun huet dann och kloer gewisen, wat déi ënnerschiddlech Positiounen an der Partei sinn, mä an engem argumentéierten Austausch.
Kloer ass awer och ginn, dass d’LSAP sech misst erneieren, net just nei Iddien a Leit opkomme loossen, mä d’Zäiten hätte sech geännert a mat hir d’Problemer an onser Gesellschaft, just d’Strukture vun der Partei wieren nach déi selwecht a vereelst, do misst Remedur geschafe ginn an och den Austausch mat der Basis méi systematesch gemaach ginn.
U sech hu mir schonn dacks genuch diskutéiert an et gëtt och e Leitfaden, mä firwat gëtt dat alles net ëmgesat, sot de Sammy Wagner. De Fabio Spirinelli huet e méi kloert Positionnement gefuerdert a Gerechtegkeet- a Steierfroen. Ier verdeelt ka ginn, muss verdéngt ginn, dat ass nun emol d’Roll vum Wirtschaftsminister, sot dorops hin de Robert Goebbels. Déi richteg Sue verdéngen, deet kee Minister, dat maachen d’Bierger, déi schaffen, huet de Nico Wennmacher gekontert a sech frustréiert gesot, dass no den Diskussioune virun 2 Joer, no engem éischten Bréif, sech awer net genuch geännert hätt.
Mir mussen ons d’Fro ganz selbstkritesch stellen, wéi et kënnt, dass ons Inhalter net bei de Leit ukommen, wat zielt, ass manner, wat an der Partei geduecht gëtt, mä wat d'Wieler denken. Et mécht och kee Sënn alles ëmmer wëlle schéin ze schwätzen, sou nach de Sammy Wagner, et ass eng Tatsaach, dass d'LSAP zanter 1984 keng Wahle méi gewonnen huet. De jonke Politiker huet awer mat vill Passioun an Iwwerzeegung gemengt, et misst een sech nees d’Zil setzen, eng richteg Vollekspartei ze ginn, a 35% vun de Stëmmen unzepeilen. Dreeme wier néideg, och fir LSAP an dat net just, fir no de Stären ze gräifen.
Kee roude Minister, kee vun der Parteispëtzt war bereet oder hat Zäit, fir an d'Sendung ze kommen ...
Op Facebook huet iwwerdeems de Minister Nicolas Schmit reagéiert a mengt, dass hien d'Fro: Firwat steet d'LSAP? gläich net méi kéint héieren.
Hie géif wësse firwat se steet a wat och konkret ëmgesat gëtt. D'LSAP géif ënnert anerem fir méi e gerechte Steiersystem stoen, gutt Renten an Aarbechtsplazen an en aktive Sozialstaat. Fir eng oppen, fräi a méi demokratesch Gesellschaft.
Den Nicolas Schmit erënnert drun, datt 2010 den CSV-Finanzminister wollt eng radikal Austeritéitspolitik maachen. Eng Mobilisatioun vun der Sozialistescher Partei hätt dat verhënnert. Hie wär haut nach houfreg drop. Et soll ee weider um fortschrëttleche Lëtzebuerg schaffen, am Dialog mam Bierger, sou nach den aktuellen Aarbechtsminister op sengem Facebookprofil.
D'Invitéen e Sonndeg den Owend am Kloertext waren:
Nico Wennmacher, fréiere Pres. FNCTTFEL-Landesverband an Auteur vum Bréif 2 vum "lenke Flillek"
Sammy Wagner, LSAP-Schäffen zu Stengefort a Signataire vum Bréif 2 vun de "Jonken"
Fabio Spirinelli, Generalsekretär JSL
Robert Goebbels, fréieren LSAP-Wirtschaftsminister a fréieren Europadeputéierten
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren.
(Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Duerch technesch Problemer wäert de Kloertext eréischt um Méindeg am Replay ze gesi sinn.
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.