Wat ass de Stellewäert vun eelere Leit?
Wat ass al Ginn, wat Gléck am Alter? Wéi kann ee gutt al ginn? Doriwwer gouf e Mëttwoch den Owend - op neier Sendeplaz - beim Caroline Mart diskutéiert.
E Mëttwoch den Owend war et esou wäit: deen éischte Kloertext um Mëttwoch, direkt nom Journal. D'Thema: den Alter!
Wat sinn ons eis eeler Matmënsche wäert? Gett genuch gemaach, dass si gutt al ginn? Wat braucht et dofir? Wiem seng Responsabilitéit ass et: der Gesellschaft, der Politik hier oder hir eegen? Wéi kann een Altersdiskriminatioun verhënneren a Generatiounegerechtegkeet garantéieren?
Ënnert anerem doriwwer hunn diskutéiert:
Marie-Paule Theisen
Dokter-Aarbecht iwwer Gléck am Alter geschriwwen
Fleegt hir eeler Tatta
Huet mat 74 hiren Dokter-Titel kritt

Paul Henri Meyers
CSV-Deputéierten an Doyen um Krautmaart
President Stëftung Hëllef Doheem

Marie-Louise Muller
Pensionéiert Proff.
Lieft zanter kuerzem am Altersheem

Lex Delles
DP Député-Maire vu Munneref
Zweetjéngsten Deputéierten

D'EMISSIOUN AM RESUMÉ vum Caroline Mart
Wat ass al Ginn, wat Gléck am Alter? Wéi kann ee gutt al ginn? Wat ass de Stellewäert vun ale Leit, wéi kann een den Equiliber halen tëscht de Generatiounen an och fir eng Gerechtegkeet suergen, dass jidderengem seng Besoine respektéiert ginn? Wat ass déi richteg Mëschung, och an der Politik tëscht Erneierung an Erfarung - alles Themen, déi am Kloertext diskutéiert goufen!
Et gouf vill Opreegung an Diskussioun ëm déi sougenannt Course-Sortië fir eeler Leit, déi elo net méi am Gesetz vun der Fleegeversécherung stinn, dat war den Ausgangspunkt, fir d'Fro ze stellen: Wat sinn ons déi eeler Läit iwwerhaapt wäert? Woufir muss d'Allgemengheet opkommen? Si muss déi eeler ënnerstëtzen, fir dass si nach erauskommen, war déi kloer Äntwert vum Paul Henri Meyers, den CSV-Deputéierten ass och President vun der Stëftung Hëllef Doheem. Hien huet engersäits gefuerdert, dass d'Gesetz vun der Fleegeversécherung soll geännert ginn an nees kloer dra stoe kënnt, dass d'Prestatairë mat de Leit kënnen akafen goen, sot awer och, dass dat neit Gesetz méi eng grouss Flexibilitéit bitt.
Eltere geparkt an net méi ofgeholl
Et gëtt Drock am Fleege-Secteur an och méi déifleiend Problemer, sot hien nach, mä alles, wat gemaach gëtt, fir d'Mënschen aus der Isolatioun ze huelen, ass och gläichzäiteg Präventioun. Net ëmmer ass d'Solidaritéit awer ginn tëscht de Generatiounen, mol net an der eegener Famill, zimlech schockant war d'Ausso, dass et Leit ginn, déi hir Eltere fir d'Vakanz an en Altersheem ginn, fir se dann no der Vakanz net méi ofzehuelen!
Och d'Marie Paule Theisen plaidéiert fir déi Hëllef an och dofir, dass een den Alter ganz bewosst virbereet, dass een eng Etapp ewéi Pensioun net einfach op sech duer komme léisst. Si ass eng aussergewéinlech Fra, déi mat 74 hir Dokteraarbecht ofgeschloss huet iwwert Achtsamkeet als Wee fir Gléck am Alter, an nieft hirem Studium nach hir 94 Joer al Tatta fleegt.
"Hätt ech dat nëmme méi fréi gemaach!"
Sou laang wéi méiglech doheem bleiwen, ass de Wonsch vu villen, sollt een och vun der Politik hir erméiglechen, esou d'Ronn, mä net ëmmer ass et eng schlecht Optioun fir an d'Altersheem, dat huet Marie-Louise Muller gemengt, déi mat 89 viru Kuerzem mat hirem Mann eréischt an d'Altersheem geplënnert ass an haut seet: Hätt ech dat nëmme méi fréi gemaach! Fir si ass den Alter och eng Fro vun der eegener Responsabilitéit, et misst een aktiv bleiwen a sech interesséieren, och fir Madamm d'Theisen ass de beschte Wee, sech nach an d'Gesellschaft anzebréngen. Wann ee Chance huet, zesummen al ze ginn, ass dat natierlech nach besser, esou d'Madamm Muller - si ass 66 Joer bestuet. Wat ass do d'Rezept? Nach een ze hunn, mat deem een am gudde Sënn streide kann!
Ze fréi an d'Pensioun ...
Wat Generatiounegerechtegkeet betrefft, sou huet de jonken Député-Maire vun Munneref Lex Delles keng Problemer gesinn, och wa seng Partei DP 2013 am Walprogramm gesot huet, d'Reform vun de Pensioune géing net wäit genuch goen an et misst am Sënn vun de Jonken nogebessert ginn; fir de Paul Henri Meyers ass et awer kloer, dass d'Lëtzebuerger ze fréi a Pensioun ginn a méi laang misste schaffe goen.
An hien selwer? Mat 81 ass hien den Eelsten an der Chamber, automatesch och op der Lëscht fir d'Wale gesat, mä nach schéngt en net definitiv decidéiert: Ech hunn all meng Fräiheeten bis den August, esou de CSV-Deputéierten!
De Kloertext leeft vun elo un am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)