Maacht endlech d’Aen op, eise Kanner geet et net gutt! Deen Opruff vun enger Maison-Relais-Direktesch hat enormen Echo, mä wéi dramatesch ass d'Situatioun?

Alles gëtt an eisem klenge Lëtzebuerg ënnert den Tapis gekiert, mir maachen op heile Welt, mä onse Kanner geet et net gutt! En Hëllefsruff via oppene Bréif vun enger Responsabeler an enger Maison Relais, an deem si beklot, dass ëmmer méi Kanner hire Malaisen duerch Gewalt, kierperlech a verbal, ausdrécken, souwuel ënnereneen, wéi och vis-à-vis vun den erwuessene Betreier.

E Schreiwes, wat enorm vill Reaktiounen a Commentairen ausgeléist huet an an deem d’Patricia Heck fuerdert, et wier héich Zäit fir ëmzedenken! Ass et wierklech esou dramatesch? Wéi gesäit et an onse Betreiungsstrukturen a Schoulen aus, handelt et sech bei esou Aggressioune méi em vereenzelt Fäll op bestëmmte Plazen oder ass et schonn en déifgräifenden a méi allgemenge Problem?

A wa jo, wat sinn d’Ursaachen? Sinn et, wéi a ville Commentairen op RTL.lu ze liese war, just Schwäi-Kanner, déi vun hiren Eltere keng Grenze méi gesat kréien, oder Elteren, déi hir Kanner an der Friembetreiung ofginn a sech net méi drëm këmmeren? Oder kënne vill Familljen net méi anescht, wéi zu 2 ze schaffen, fir genuch Geld ze hunn, a gëtt och politesch um Bockel vun de Kanner gespuert, mat Strukturen, déi ze grouss sinn a net genuch Personal dofir? Oder ass et en allgemengen Wäerteverloscht an onser Gesellschaft a war fréier alles besser?

Doriwwer schwätze mir mat dësen INVITÉEN:

Patricia Heck
Chargée de Direction Maison Relais Reiler
24 Joer Beruffserfarung

Patrick Dichter
Schoulmeeschter Wëntger
27 Joer Beruffserfarung

Simone Weber
Schoulpresidentin a Léierin Helperknapp
37 Joer Beruffserfarung

Georges Haan
Délégué à la Bientraitance
Gewaltberoder

Prof. Georges Steffgen
Direkter vum Master a Psychologie Uni.lu
Gewaltfuerscher

Gilbert Pregno
Kannerpsycholog a Familljentherapeut
fréieren Direkter Kannerschlass Suessem

De Resumé vum Caroline Mart

Sinn ons Kanner ëmmer méi an och ëmmer méi fréi gewaltbereet? Dat ass d'Fro am Mëttelpunkt vum Kloertext! D'Diskussioun ëm Gewalt bei Jonken ass net nei, wuel awer, dass de Problem sech och scho massiv bei Kanner aus der Grondschoul géing stellen! E reegelrechten Hëllefsruff hat eng Responsabel, aus enger Maison Relais zu Reiler bei Klierf, lancéiert an engem oppene Bréif, wou si gewarnt huet, et misst direkt reagéiert ginn, well mir soss an eng Mauer rennen, a kloer gesot: Et geet onse Kanner net gutt!

"Eltere-Führerschäin"

D'Patricia Heck war dann och e Gaascht am Kloertext, wou si beschriwwen huet, wat fir si leider Alldag ginn ass: Kanner, déi net just ënnereneen, mä och vis-à-vis vun den erwuessene Betreier ëmmer méi aggressiv sinn, souwuel verbal ewéi och physesch. D'Hemmschwell an d'Frustgrenz si vill méi niddereg ginn ewéi fréier, an et gëtt net just méi séier, mä och méi laang zougeschloen, et gëtt keng Grenz méi, esouguer wann ee bis um Buedem läit. Fir d'Madamm Heck, déi scho 24 Joer mat Kanner schafft, si vill Elteren einfach iwwerfuerdert a bräichten dréngend Hëllef, si setzt sech fir eng Zort Eltere-Führerschäin an.

De Famillentherapeut Gilbert Pregno, deen d'Eltereschoul gegrënnt huet, erkläert, dass schonn am Regierungsprogramm vun 2004 esou eng Iddi virgesi war: Dass Eltere wärend der Schwangerschaft an no der Gebuert net just fir physesch Kontrolle misste bei den Dokter, mä och eng Aart Coaching kréichen, wat déi séilesch Gesondheet vun hire Kanner betrëfft. Do hätt offensichtlech awer de politesche Wëlle gefeelt, dat och ëmzesetzen.

D'Patricia Heck war no hirem Bréif bei de Claude Meisch invitéiert. De Minister hätt hir zwar nogelauschtert, mä an der Entrevue just nei Moossname fir d'Schoul an Aussicht gestallt, wat d'Problemer vun de Maison-Relaise betrëfft, sou hat d'Madamm Heck duerno net den Androck, dass sech vill wäert änneren.

10-Stonnen-Deeg an 1 Betreier fir 11 Kanner?

Et muss einfach gekuckt ginn, wat d'Kanner wierklech brauchen a wat se méi kleng sinn, wat se méi fest Bezuchspersoune brauchen an och net ze laang friem betreit sinn dierfen, esou de Gilbert Pregno. Dass awer genee dat ee vun den Haaptproblemer ass, doriwwer ware sech all d'Invitéen am Kloertext eens: Vill Kanner, déi ëmmer méi laang just nach a Betreiungsstrukturen oder an der Schoul festsëtzen, 10-Stonnen-Deeg vun doheem fort wieren do keng Exceptioun méi. Dobäi kënnt, dass vill Strukturen einfach ze grouss sinn an et och u Personal feelt, 11 Kanner op een Erzéier, dat kléngt just theoretesch gutt, esou d'Patricia Heck, a wann dann och nach nëmmen ee Kand dobäi ass, wat méi speziell ass oder Verhalensproblemer huet, da geet et scho guer net méi op.

Besser méi kleng Schoulen ...

Dat gëllt genee esou fir d'Schoul, sot de Patrick Dichter, Schoulmeeschter zu Wëntger. Och hie stellt fest, dass allgemeng d'Klima méi rau gëtt an dass et ëmmer méi schwiereg Kanner ginn, woubäi och fir Wëntger de Personalmangel an eng grouss Schoul d'Problemer géinge verschäerfen.

Dass méi kleng Schoule besser si fir d'Kanner an d'Enseignanten, huet d'Simone Weber confirméiert, si hält zanter 37 Joer Schoul, a sot, dass eigentlech Gewalt zu Huelmes bei 50 Kanner net de grousse Problem ass, wuel awer Mobbing zouhëlt, an och d'Detresse vun eenzele Kanner - eng grouss Roll géing do och de Konsum vun elektronesche Medien a soziale Reseaue spillen, et géinge vill Kanner scho mat 10 Joer en Account op Facebook opgemaach kréie vun hiren Elteren, wat vill ze fréi wier.

Geforen duerch Handy a Computer

Wie wéisst och, wat seng Kanner sou alles gesinn um Handy a Computer, sou déi aner Feststellung an der Ronn, dat ass net dat selwecht ewéi fréier mat der Tëlee, esou d'Leit vum Terrain zum Gewaltfuerscher Prof. Georges Steffgen vun der Uni, Kanner vu 5 oder 6 Joer, déi mat Gewalt a Pornographie konfrontéiert ginn, kéinten dat einfach net verschaffen.

Dass Mobbing a speziell Cybermobbing e reelle Problem sinn zu Lëtzebuerg, een, wou mir esouguer an der Statistik international net gutt do stinn, sot och de Professer. Hien fuerscht zanter 20 Joer iwwer Gewalt zu Lëtzebuerg, woubäi et awer just fir Kanner vun 11 Joer Statistike gëtt. Wat feelt ass eng anstänneg flächendeckend Preventioun, esou den Expert, et gëtt zwar eng Hällewull un Initiativen a ville Schoulen an immens vill gudde Wëllen, mä de politesche Wëllen, fir dat systematesch uechtert d'Land anzeféieren, dee géif feelen, dobäi wier erwisen, dass esou Preventioun hir Friichten dréit.

Ëmmer méi verhalensopfälleg Kanner

Et gëtt ëmmer méi Kanner, déi richteg verhalensopfälleg sinn, an ee Kand geet duer, fir eng ganz Klass op d'Kopp ze geheien, och do ware sech all d'Gäscht eens. D'Annonce vum Minister Meisch, fir eng zousätzlech Struktur anzeféieren, wou Kanner dann therapeutesch begleet gi kënnen a fir eng bestëmmten Zäit aus dem normalen Unterrecht erausgeholl ginn, bis si, sou de Claude Meisch, "nees gesond wieren", esou eng nei Struktur huet kee ronderëm den Dësch esou richteg iwwerzeegt.

Hëllef do, awer ze vill bürokratesch ...

Wat ass, wa se nees zréckkommen? Da geet et nees u mam Problem an et ass och schwéier, wann ee fort war, sech nees z'integréieren. Et wier besser, eng Persoun an der Klass als Hëllef ze kréien, déi sech dann ëm dat betraffent Kand këmmert. Eng Offer, déi et wuel scho gëtt, mä si wier mat vill ze vill Bürokratie verbonnen, do géingen der vill opgi scho beim Ufroe mat de Paperassen, an och do géing et un qualifizéiertem Personal feelen. Wou sollen déi all hierkommen? Et sinn scho vill ze vill, déi net méi normal Schoul halen an de Besoin u Spezialiste klëmmt permanent, housch et an der Ronn.

Am Resumé ass kloer ginn, dass de Malaise net just zu Reiler besteet, dass sech eppes fundamental geännert huet bei de Kanner, déi awer just dat erëmspigelen, wat bei den Erwuessenen och ass: ëmmer méi Drock, déi eng op der Aarbecht, déi aner an der Schoul. D'Reussite scolaire hätt och en enorme Stellewäert, d'Kanner dogéint leider net méi deen zentralen, dee se missten hunn.

Schloen ass kee probat Mëttel

Fréier war net alles besser, esou eng aner Reaktioun op vill Kommentaren, déi op RTL.lu ze liese waren, dem Problem kéint een och net mat Strofe bäikommen, schloe wier kee gutt Mëttel fir Autoritéit hierzestellen. Op d'mannst wier et awer hautdesdaags net méi d'Institutioun, déi Gewalt op Kanner ausüübt, sou de Georges Haan, Délégué à la Bientraitance fir 5 Träger ewéi Caritas, Arcus a Rout Kräiz. Mä wann et sou ville Kanner net gutt geet, woubäi een och un déi misst denken, déi net opfälleg sinn a sech zréckzéien, awer grad esou leiden, da wier dat schonn en Alarmsignal eppes z'ënnerhuelen oder wéi d'Patricia Heck et formuléiert hat: Héich Zäit, d'Aen opzemaachen an ëmzedenken.

RTL

© Eric Steichen

De Kloertext leeft vun elo un am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)