Déi nei Regierung steet, wat hält d'Oppositioun dovun?
An der Talkronn beim Caroline Mart koum et zu ganz animéierten Diskussiounen tëscht Oppositioun a Regierungsvertrieder - natierlech war och d'LSAP e Sujet.
De Koalitiounsaccord ass ënnerschriwwen an déi nei Regierung steet. Wat sinn d'Visioune fir déi nächst 5 Joer a wat hält d'Oppositioun dovun?
Eng zweet Oplo vun der Dräierkoalitioun mat e puer personelle Changementer an och deels enger Neiopdeelung vun de Ressorten. 246 Säiten déck ass d'Feuille de route fir déi nächst 5 Joer, e Koalitiounsaccord, dee mir natierlech net am Fong an enger Stonn diskutéiere konnten, wuel awer seng Grondausriichtung, eenzel Aspekter dorausser a virun allem och seng Machbarkeet, dat heescht: Wéi realistesch ass en och vum Finanziellen hier? Nieft den Inhalter hu mir natierlech och iwwert d'Käpp, elo wou se dann och offiziell gewosst sinn, geschwat an no wéi enger Logik d'Kaarte vun de Koalitionären nei gemëscht goufen.
Wéi logesch ass déi nei Ressortverdeelung, wiem seng Handschrëft dréit de Programm, ass et wierklech een, dee gläichberechtegt ass? Wéi ass et mat de Ministeren, no wéi enger Logik gi se genannt, wuel gi si net direkt vum Bierger gewielt, dat gëllt just fir d'Chamber, an awer: Wéi wichteg ass e Walresultat fir e Politiker? Kann ee vertrieden, dass ee Minister gëtt, deen net zréck an d'Chamber gewielt gouf oder en Deputéierte Minister gëtt, deen et och net méi op de Krautmaart gepackt huet? Wat ass mat deenen, déi däitlech u Stëmme verluer hunn an nawell hire Ressort behale konnten?
Do koum et zu ganz animéierten Diskussiounen tëscht Oppositioun a Regierungsvertrieder a grad esou héich goung et hier, wéi iwwert den LSAP-Kongress vum Dënschdegowend diskutéiert gouf, wou jo net just d'Parteileedung kritiséiert gouf, mä och d'CSV als Pafen, déi en an d'Oppositioun misst schécken, schaarf ugegraff gouf. A wou d'Medien d'Schold kruten, d'Problemer bei de Sozialisten erbäizerieden a schreiwen.
D'Invitéen am IwwerbléckAn der Diskussioun waren d'Chef-Negociateure vun Blo-Rout-Gréng: fir d'DP hir Parteipresidentin a Familljeministesch Corinne Cahen, fir d'LSAP de Vize-Premier, Wirtschafts- an ewell och Gesondheetsminister Etienne Schneider a fir déi gréng de Felix Braz, dee Justizminister bléift, mä och - excellent Walresultat oblige - neie Vizepremier ass! Fir d'Oppositioun dann déi fuschnei Fraktiounscheffin vun der CSV Martine Hansen, déi e Mëttwoch d'Successioun vum Claude Wiseler iwwerholl huet, nieft hir den Doyen vun der Chamber an dofir och aktuelle Chamberspresident Gast Gibéryen vun der ADR, dann den Deputéierte vun déi Lenk David Wagner an, nei an der Chamber, fir d'Piraten derbäi de Sven Clement.
IWWERBLÉCK
Corinne Cahen, DP, Familljeministesch, Parteipresidentin
Etienne Schneider, LSAP, Vizepremier, Wirtschafts- a Gesondheetsminister
Felix Braz, déi gréng, Vizepremier, Justizminister
Martine Hansen, CSV, Fraktiounspresidentin
Gast Gibéryen, ADR, aktuelle Chamberspresident
David Wagner, déi Lénk, Deputéierten
Sven Clement, Piraten, Deputéierten
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
