A wéi wäit ass d'Haltung vun der Partei e Grond firwat et 2018 net just d’selwecht goung wéi 2013, mä CSV esouguer nach weider Stëmme verluer huet?

Woufir steet d’CSV? Wat huet si wat keng aner Partei ze bidden huet? Dorop missten déi Chrëscht-Sozial eng iwwerzeegend Äntwert fannen, fir nees aus der Oppositioun eraus ze kommen!.

Eng éischte Kéier kann ee jo soen, et war en Ausrutscher oder et waren déi aner, mä wann ee fir 2. bei Walen nach méi äiskal erwëscht gëtt, da féiert kee Wee laanscht eng déifgräifend Analys.

Déi éischt an och einfachst Äntwert ass e Wiessel vun de Responsabelen, dat steet bei der CSV an 10 Deeg un, wann um Kongress eng komplett nei Parteileedung bestëmmt gëtt, nodeem schonn an der Fraktioun mat der Martine Hansen den Erneierungsprozess agelaut gouf.

Reaktioun vum Xavier Bettel op d'Virwërf vum Frank Engel

„Zënter hirem éischten Amtsuntrëtt am Joer 2013 huet d‘3er-Koalitioun d’Zuel vun de Regierungsconseilleren ëm 50% erhéicht, vun 80 op 126 Leit.“ Dat sot den CSV-Europadeputéierte Frank Engel e Mëttwoch an der Emissioun Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg. De Kandidat fir d’CSV-Parteispresidence geheit der aktueller Regierung domat eng extrem Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht op den héchste Funktioune vir, déi et an där Form nach net an der Geschicht vum Land ginn hätt.

Reaktioun vum Xavier Bettel op d'Virwërf vum Frank Engel
An enger schrëftlecher Äntwert seet hien e kéint d’Aussoe vum Här Engel weder confirméieren, nach novollzéien.

De Premier weist déi Reprochen zréck. An enger schrëftlecher Äntwert seet hien e kéint d’Aussoe vum Här Engel weder confirméieren, nach novollzéien. Et géifen och keng „Parteibeamten“ existéieren. Dass d’Zuel vu Staatsbeamte bannent de leschte Jore substantiell an d’Luucht gaange wier, hätt mat der allgemenger Entwécklung vum Land ze dinn.

D’Zuel vun de méigleche Conseilleren wier gesetzlech erop gesat gi fir der allgemenger Entwécklung an der Fonction Publique, esou wéi der demographescher Entwécklung Rechnung ze droen. Allerdéngs géif d’Méiglechkeet fir nei Leit ze nominéieren net bedeiten, dass déi Nominatiounen och all gemaach gi wieren. De Staatsminister wëll de Reproche vum Här Engel géigeniwwer dem ëffentlechen Déngscht an deenen dausende Beamten an Employéeën, déi sech fir d’Land an d’Allgemengheet asetzen, net acceptéieren.

Hei de komplette Kloertext am Replay

VIDEO: Kloertext
Elo Mëttwochs um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Doriwwer ënnerhalen hu sech dës Invitéen:

Frank Engel - Kandidat fir CSV-Présidence, Europadeputéierten

Erna Hennicot - fréier CSV-Presidentin, fréier Ministesch an Europadeputéiert

Alex Donnersbach - CSJ-President, Gemengerot Walfer

Charel Schmit - Member Dräikinneksgrupp, fréieren CSJ-President

Marc Glesener - fréieren CSV-Beroder, elo onofhängege Consultant, Fréiere Chefredakter Wort

De Résumé vum Kloertext vum Caroline Mart

D’Walnéierlag 2013 war en éischte Schock, a jiddereen , virun allem an der Partei, war dervun ausgaangen, et wier eng Zort Betriibsaccident an d’CSV géing natierlech de Wee zréck an d’Regierungsverantwortung fannen .

A wéi wäit ass déi Haltung och ee vun de Grënn firwat et 2018 net just d’ selwecht goung, mä CSV esouguer nach weider massiv Stëmme verluer huet?

Vläicht huet et dësen zweete Schock gebraucht, fir ze verstoen, dass een eng Partei wéi eng aner ass, war ee Fazit an der Sendung oder fir et an de Wieder vum Frank Engel ze soen:  “Mir mussen ophale staatstragend ze sinn, wa mir kee Staat méi ze droen hunn."

Wou stécht d’ Partei nach ze vill an ale Strukture fest? Net just, fir ze verstoen, dass si eng Partei wéi eng aner ass a kee garantéierten Usproch huet op eng Regierungsbedeelegung , en anere Problem ass och fir d’Léieren aus der Defaite ze zéien. No 2013 ass zwar eng Analys gemaach ginn,  an zemools déi Jonk an och den Dräikinneksgrupp hätte Propose gemaach, fir méi eng participativ Politik an der Partei, just ëmgesat gouf dat net.

Wat d’ Campagne betrëfft sou wier de Claude Wiseler schonn de richtege Kandidat gewiescht, mä hie gouf net richteg vermëttelt , e wier och vun der eegener Basis net gedroe ginn an esouguer gezwonge ginn, fir a sengen Aussoe Réckzéier ze maachen, wourunner seng Credibilitéit gelidden huet . Net mat der ADR wëllen ze koaléieren hunn all d’ Invitée richteg fonnt, all Zäit net mat der Partei déi se elo ass.

Anere Problem: an der CSV gëtt et och keng Traditioun vun oppenen a kontroversen Debatten an et hunn och vill Kandidaten, déi gefrot goufen, ënnert anerem de Serge Wilmes, de Felix Eischen oder d’Elisabeth Margue, net wëllen um Kloertext deel huelen , si hu sech fir hir Ofso op de Nationalcomité beruff.

Zu kengem Moment gouf et eng Consigne, net an der Press ze schwätzen. Am Virfeld vum Kongress sot de Frank Engel, un déi  hätt hien sech gehalen, och wann en se net gutt géing fannen, et wier just gesot ginn, dass déi 4 Regionalmeetinge wou d’Kandidaten hir Visioun duerleeën, exklusiv fir CSV-Memberen an ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet sinn.  A firwat sollt een net eng Plattform notzen, fir seng politesch Visiounen an Iwwerzeegungen duerzeleeën?

Ass D’ CSV och nach ze staark gepräägt vun engem patriarchalesche Féierungsstil an dem “ Iwwerpapp” Jean-Claude Junker? Nach haut spiert een d’Angscht vu Memberen a Mandataire, fir ze kritizéieren . Dat misst änneren, esou zemools déi Jonk an der Ronn, iwwerdeems d’Erna Hennicot gemengt huet, d'CSV hätt do eben eng aner Manéier wéi zum Beispill eng LSAP.

Wat fir e Profil braucht d’Partei ? Si misst sech op hir Wäerter besënnen, si misst an aktuellen ethesche Froe kloer Positioun bezéien, net zécken och eng offensiv Oppositiounspolitik ze maachen. De Frank Engel huet dann och d’ Geleeënheet genotzt, fir d’ 3er Koalitioun schaarf ze kritizéieren , si hätt duebel esou vill héich Beamte placéiert , eppes wat d’CSV ni an dem Mooss gemaach hätt.

Vun der Attack ofgesinn, war et awer eng Diskussioun wéi d’CSV sech selwer verännere kann a muss, wéi et och zu Erneierung komme kann.

Wat de Profil vu béide Kandidate fir d’ Successioun vum Marc Spautz betrëfft, sou wier manner en ideologeschen Ënnerscheed, och wann deen ee vum Dräikinneksgrupp an den anere vum Cercle Joseph Besch ass ( dee wier guer net esou konservativ, wéi em nogesot gëtt), sou dass d’ Wiel u sech éischter déi vun zwee Männer mat ganz ënnerschiddleche Stil ass.

Wéi de Match ausgeet wësse mir de 26. Januar wann um Nationalkongress zu Moutfort ofgestëmmt gëtt.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)