An och ëm de Stéckoxid, deen op Plazen iwwer de Grenzwäerter läit. Dat war de Sujet de Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart op der Tëlee an op RTL.lu.

Säi léifste Kand eraussichen, e Pleséier, deen deels zur Veronsécherung ginn ass: awer en Diesel, dach nees e Bensinner, schonn en Elektro, Hybrid fir den Iwwergang? Wéi engen Experten a Grenzwäerter nach gleewen, wéi eng Kritäre berücksichtegen: Ëmwelt, Confort, Portmonni? Wéi steiert d'Politik a wie beaflosst ons Wiel fir en Auto?

Onsécher Automobilisten - wat kafen? Dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend am Kloertext um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

VIDEO: Kloertext
Elo Mëttwochs um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Zanter Woche gëtt an Däitschland iwwert d'Loftqualitéit diskutéiert - en Debat, wou et vill Konfusioun gouf a gëtt. Mir sinn der Fro nogaangen, wéi et mam Anhale vu Grenzwäerter hei am Land ass a wéi d'Loftqualitéit zu Lëtzebuerg kontrolléiert gëtt. De Boulevard Royal ass déi Plaz zu Lëtzebuerg, wou zanter Joren d'Loftqualitéit am schlechtsten ass. Dat bedéngt duerch de ville Verkéier an déi héich Gebaier, well dowéinst kann d'Loft schlecht zirkuléieren. Op enger Dose Plazen am Land goufen ze héich Stéckoxid-Wäerter gemooss, geziilte Mesurë sollen Hëllefen, d'Grenzwäerter nees anzehalen.

D'Invitéen

Iwwer d'Loftqualitéit, d'Dieselgefierer, d'Elektromobilitéit diskutéieren:

Philippe Mersch
President FEDAMO an Associé-Gérant Garage Kremer

Gerry Wagner
Generaldirekter ARVAL, President Mobiz an Administrateur House of Automobil

Claude Turmes
Minister fir Energie a Landesplanung, Déi Gréng

Laure Simon
Mouvement écologique, spezialiséiert op Mobilitéitsfroen

Pascal Becker
RTL-Journalist, Automag

De Garagisten hiren Heemount ass matzen am Wanter, de 55. Autofestival ass zwar elo just eriwwer, seng Konditiounen halen awer nach e bëssen un an insgesamt gëtt an där Zäit ronn een Drëttel vum Jores-Handel gemaach. Just wourunner orientéiere sech d'Clientë beim Kaf vun engem Auto? A wéi wäit hunn déi neitsten Diskussiounen ëm Grenzwäerter zemools bei onsen däitschen Noperen zu enger Versonsécherug gefouert? Zécken d'Leit, fir Diesel ze kafe mat Verbueter am Ausland, oder gëllt just de Kritär, wéi vill Kilometer ee fiert an d'Vertrauen, dass déi nei Modeller propper sinn? Wéi kann ee sech informéieren, ouni manipuléiert ze ginn, wéi eng Wiel treffen op Joren, wou een haut net weess, wat vläicht d'Politik a 4, 5 Joer decidéiert? A wat sinn d'Steierungméiglechkeete fir d'Politik, ass zum Beispill schonn en Impakt bei der Primm fir d'Elektromobilitéit ze spieren? Wat fir aner Konditioune brauch et, dass déi aus dem Niche-Segment erauskënnt? Ass de Lëtzebuerger Marché speziell, sou wéi och dem Lëtzebuerger eng ganz besonnesch Relatioun mat sengem Won nogesot gëtt?

VIDEO: Loftqualitéit zu Lëtzebuerg, et ginn e puer Problemzonen
Ënner anerem um Boulevard Royal an der Stad sinn d'Stéckoxid-Wäerter an der Loft reegelméisseg ze héich.

De Kloertext am Resumé (vum Caroline Mart)

Sinn d'Clienten zu Lëtzebuerg versonséchert duerch déi ganz Debatt, déi nees opgeflaamt ass? Et ass sécher net einfach, den Iwwerbléck ze hunn, a schwiereg, nach ze wëssen, wiem een traue kann. Déi, déi e Won kafe koumen um Festival, déi hätten awer kloer gewosst, wat se wéilten, an do och genee no hire Besoinen decidéiert, esou de President vun der Fedamo Philippe Mersch. Wien nach vill Kilometer fiert, deen zéckt och 2019 net, en Diesel ze kafen, och wann et international deels Verbueter gëtt.

Zu Lëtzebuerg musse mir zum Gléck keng Verbueter decidéieren, néirens bléiwen Emissiounen a Stëbs esou hänke wéi zum Beispill zu Stuttgart, enger Stad, déi an enger Zort Cuvette läit, esou de Minister Turmes, fir deen den Diesel, trotz besserer Technologie, awer déi falsch Optioun ass an en Auslafmodell. De Reproche, dass d'Regierung eng Politik géint d'Automobiliste mécht, e Reproche, deen elo och nach eemol opkoum wéinst der Hausse vun den Tariffer vun der Kontrollstatioun, huet hie kategoresch vu sech gewisen: "Mir maache Politik mat de Leit" a mat Ureizer amplaz Strofen, duerfir wier och ganz séier nach fir dëse Festival déi 5000-Euro-Primm komm, d'Zukunft wier d'Elektromobilitéit.

D'Laure Simon dogéint war der Iwwerzeegung, dass d'Politik duerchaus d'Muert an de Bengel sollt asetzen, zum Beispill via Steieren, an ze grouss oder ëmweltschiedlech Ween méi staark besteieren. Firwat iwwerdeems jiddereen déi 5000-Euro-Primm kritt, och een, deen en Tesla keeft, dorop gouf et keng schlësseg Äntwert. A vun de Garagiste koum d'Informatioun, dass d'Primm begréisst gëtt, awer virun allem vu Clientë genotzt gouf, déi schonn en Elektroauto haten. Nach ass de Marché marginal, souwuel bei de Garagisten, wéi och bei de Leasingsfirmen - wat awer ganz kloer ginn ass an der Debatt, och den Automobilsecteur ass am Gaangen, sech generell ëmzestellen, ëmzedenken a méi a Richtung Mobilitéit verkafen oder leasen, wéi just reng op eenzel Gefierer ze setzen.

Wa mir net ëmdenken a just Diesel a Bensinner duerch Elektroween ersetzen, hu mir zwar d'Loft manner verknascht, mä déi vill aner Problemer vum Individualverkéier net geléist, esou d'Laure Simon vum Mouvement écologique. Besonnesch déi extra grouss Autoen an SUVe sinn hir en Dar am A, bei enger Manifestatioun an der Stad wieren deels Leit aggressiv ginn, wéi wann en decken Auto hunn eng Zort Mënscherecht wier, esou d'Aktivistin. Et ass nun emol eng Demande do an et gëtt haut och vun alle Marken allméiglech Modeller, d'Leit kafen et, wëll si méi Confort hunn, méi héich sëtzen a sech méi sécher fillen, esou de Gerry Wagner a Philippe Mersch, och wann do lues en Ëmdenke festzestelle wier.

Vill Argumenter wiere méi emotional oder de Standing - wat all Keefer vun engem méi decken Auto misst bedenken, sou den RTL-Autospezialist Pascal Becker, ass, dass wat de Won méi grouss a schwéier ass, wat en och vill méi verbraucht. An dat géing och fir en Elektroauto gëllen.

Wat ass da mam Stroumreseau, wann e ganzen Automobil-Park elektresch geluede gi muss, packt deen dat dann? Dat si grad 2% vum Gesamtverbrauch, esou de Minister an et géing een alles dru setzen, fir d'Infrastrukturen optimal ze verbessere fir de Wiessel. Natierlech géing et och nach Problemer am Moment bei der Produktioun an dem Recyclage vun de Batterien, mä déi wieren ze behiewen.

E Minister mat ongebremster Begeeschterung an Zouversiicht, e Secteur am Ëmbroch, eng Ëmweltaktivistin, déi skeptesch bleift, an e ganz pragmatesche Journalist hunn eng Stonn ugereegt diskutéiert.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)