Dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Ee Jonken op 5 am Aarmutsrisiko: Wéi ass dat méiglech am räiche Lëtzebuerg? Ze relativéieren oder fir Alarm ze schloen? Wéi kënne Politik a Gesellschaft reagéieren? Wat sinn Ängscht an Dreem vun de Jonken?

Schaffen an awer aarm sinn - 1 vu 5 Jonken tëscht 18 a 24 Joer riskéiert dat zu Lëtzebuerg! Wat leeft schif am räichste Land vun Europa, wéi alarmant ass déi neisten Eurostat-Etüd, wou mir op zweeter Plaz hanner Rumänien leien, a wat sinn den Alldag, d'Problemer an d'Perspektive vun onse Jonken haut?

VIDEO: Kloertext: Den Aarmutsrisiko bei Jonken
Dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend an der Emissioun vum Caroline Mart.

Eurostat, dem europäesche statisteschen Amt, no sinn ausgerechent déi, déi sollen d'Zukunft vun eisem Land duerstellen – Jonker tëscht 18 a 24 Joer a wuel gemierkt där, déi scho schaffe ginn – iwwerduerchschnëttlech vill vum Aarmutsrisiko betraff: 1 vu 5! Doriwwer hunn e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart dës 4 Invitéen diskutéiert.

D'Invitéen

Vicky Reichling
Spriecherin UNEL, studéiert Kiné zu Eindhoven

Jerusalem Worku
Konnt dank Hëllef selbstänneg ginn, studéiert Droit op der Uni.lu

Robert Urbé
Caritas, Auteur Sozialalmanach

Gilles Dhamen
Rout Kräiz, zoustänneg fir Soziales, Jugend a Famill

De Resumé vum Caroline Mart

Et soll een déi Etüd op kee Fall kleng schwätzen oder net eescht huelen. Och wann et zum Gléck e gutt soziaalt Netz zu Lëtzebuerg gëtt, sou huet och onst Netz Lächer an et falen der ëmmer méi duerch, sou den éischten Constat an der Sendung. Och den Expert vum Statec, deen am Reportage de Begrëff vum Medianakommes erkläert huet, sot, dass déi 60% dervun, konkret waren dat 2017 ronn 1.800 Euro, mol net duergéinge goen, fir zu Lëtzebuerg dezent liewen ze kënnen.

Wat mécht, dass ee méi en héije Risiko huet, fir aarm ze sinn, ass gewosst: E jonke Mann tëscht 18 a 24, deen net Lëtzebuerger ass, huet 3 Mol esou en héijen Risiko wéi e jonke Lëtzebuerger! Eng statistesch Moyenne, hannert där sech villes verstoppt: Oft manner gutt Startchancë vun Doheem, oft eng manner gutt Ausbildung a manner Diplomer an natierlech gëllt dat verstäerkt nach fir Jonker, déi keng Ënnerstëtzung vun der Famill hunn oder Flüchtlingen a Migrante sinn.

Positiivt Beispill

Eng esou eng Fra huet am Kloertext temoignéiert, si ass mat 10 Joer aus Ethiopien komm an huet hei souwuel Hëllef fonnt wéi och de Géigendeel. Schonn an der Primaireschoul gouf si gemobbt, wëll si d'Sprooch net kannt huet a wëll si eng aner Hautfaarf huet an dowéinst huet missen d'Schoul wiesselen. Bis haut ass d'Jerusalem Worku, déi elo am 2. Semester Droit studéiert, mat Rassismus zu Lëtzebuerg konfrontéiert. Haut ka si besser dermat ëmgoen, mä iwwer Joren huet si awer psychologesch an och materiell Hëllef gebraucht, fir hire Wee ze fannen. Si ass e positiivt Beispill vun enger Migrantin, déi hir Plaz fonnt huet, mä vill anerer rëtschen eben an d'Aarmut of.

Keng Wieler ...

Ass dat ee Grond, firwat déi Statistik guer keng esou grouss Reaktioune provozéiert? Wëll déi éischt, déi et trëfft, keng Wieler sinn? Dat spillt sécher eng Roll, sou de Robert Urbé an de Gilles Dhamen, wëll grad déi am meeschte vulnerabel sech net haart zu Wuert mëlle kënnen a keng grouss Lobby hunn, déi sech fir si asetzt. Och wa se allebéid kloer soten, dass d'Problemer zouhuelen och an de Lëtzebuerger Famillen an ëmmer méi Kanner an Eltere sech schwéier dinn, fir eens ze ginn.

Dee grousse Problem zu Lëtzebuerg fir déi ganz grouss Majoritéit vun de Läit ass jo de Logement. Scho Famille mat zwou Paien hu Krämpes, nach eng Wunneng ze fannen, wat sollen do Jonker maachen, déi ganz am Ufank vun hirer Carrière stinn? An et ass net just e Problem vum Loyer, och vu Garantien, fir déi ee muss opkommen, an och der Tatsaach, dass vill Proprietären zécken, fir Jonken ze verlounen, wëll si léiwer Famillen hunn, esou déi zwou jonk Fraen aus eegener Erfarung.

Colocatioune pushen

Et gëtt zwar ëmmer méi Initiativen, mä beim Baue vu bezuelbarem oder sozialem Wunnraum lafe mir natierlech dem rise Manktem hannendrun - dat war e weidere Constat an et géif och nach ëmmer u Colocatiounen oder extraen Offere fir Jonker feelen. D'Rout Kräiz huet an der Lescht eng ganz Partie Projete mat Gemengen uechtert d'Land realiséiert, wou d'Gemeng baut an d'Croix-Rouge geréiert, mä u sech misste Colocatioune ganz allgemeng erliichtert gi via Gesetz zum Beispill, andeem eenzel Kontrakter kënne ofgeschloss ginn a net een eleng responsabel ass fir all déi aner Colocatairen. An dat wier och eng gutt Saach fir all Generatiounen, net just Jonker kéinten jo dervu profitéieren, sech zu puer eng Wunneng oder en Haus ze deelen.

Stagë valoriséieren

En anert ganz wichtegt Thema fir Jonker da sinn d'Stagen. D'Unel hat e Méinden eng Entrevue mam neien Aarbechtsminister an hir Spriecherin Vicky Reichling huet prinzipiell d'Dialogbereetschaft vum Dan Kersch begréisst, och wann et nach keng konkret Zousoe gouf. Déi Jonk wëllen eng gerecht Remuneratioun fir Stagë vu Studenten, déi scho qualifizéiert sinn, dat heescht e Bachelor hunn. Keng Entreprise sollt och Jonker ausnotze kënnen als bëlleg Aarbechtskraaft an de Stage sollt, wann e méi laang ass an um Enn op eng fest Plaz erausleeft, och als Versuchszäit unerkannt ginn.

Vill Jonker wieren op d'Suen ugewisen an déi mannst wéilten och nach no 25 nees bei den Eltere misse wunnen. Villes ass zu Lëtzebuerg esou opgebaut, dass d'Elteren hëllefen; wien déi Ënnerstëtzung net huet, muss d'Demarchë maachen a sech nach dacks selwer duerchkämpfen, och administrativ.

Existenziell Ängscht

Op hir Ängschten ugeschwat soten déi jonk Fraen, dass et existenzieller sinn, dass déi Iwwerinformatioun, an där mir haut liewen, mat all de schlechten Neiegkeeten, fir vill eng Iwwerfuerderung wier, dass een net geléiert géing ginn an der Schoul, domat ëmzegoen, an dass den Drock ëmmer méi grouss géing ginn. Kritescht Denke wier wichteg an de Risiko wier do, dass vill Jonker sech éischter zréckzéien wéi sech ze engagéieren.

Souwuel d'Jerusalem Worku wéi och d'Vicky Reichling hunn am Kloertext bewisen dass si bereet sinn, sech anzesetzen an och kritesch mat der Gesellschaft an där se liewen, ausenanerzesetzen.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)