Dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart op RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu. Mat 3 Schüler vu Youth for Climate.

D'Haus brennt! Esou huet déi jonk schwedesch Klima-Aktivistin Greta Thunberg d'Politiker opgefuerdert, endlech richteg Aktioune géint de Klimawandel duerchzesetzen. Weltwäit streiken hirem Beispill no Schüler nom Motto Friday's for Future. Dëse Freiden och zu Lëtzebuerg. Wéi grouss ass d'Mobilisatioun bei eis, wat wëllen eis Jonk? Si zielen eis et!

"Ech kréien gesot, ech sollt dach an d'Schoul goen a léieren, fir eng Klimafuerscherin ze ginn a Léisungen ze fannen – mä wéi e Sënn mécht dat: D'Léisungen an d'Fakte si laang bekannt, mir musse einfach endlech radikal Changementer ugoen."

En Zitat vun der schwedescher Klima-Aktivistin Greta Thunberg, déi 16 Joer Jonk Schülerin huet mat hirer Aktioun Fridays for Future Honnertdausende vu Jonken uechtert d'Welt inspiréiert fir Schoulstreiken. Dëse Freideg, de 15. Mäerz ass eng weltwäit Mobilisatioun, a 40 Länner. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt da gestreikt.

Wat wëllen déi Jonk? Wat sinn d'Haaptfuerderungen, wéi si si organiséiert, ass dëst fir si eng laangfristeg Beweegung, wéi dramatesch schätze si d'Situatioun an a wat hale si vun den Aktioune fir de Klimaschutz vun dëser Regierung? Ëmgedréint: Wéi sinn d'Reaktioune vu Politiker oder Enseignanten, ginn déi Jonk iwwerhaapt eescht geholl an hirem Uleies?

Doriwwer gouf eng Stonn laang diskutéiert mat dësen Invitéen.

D'Invitéen

Karma Catena (17)
Lycée Classique Dikrech, Youth for Climate
Scho méi laang engagéiert am Kampf géint de Klimawandel

Elie Sinner (15)
Lycée Ermesinde, Youth for Climate
War och schonn zu Paräis bei engem Klimastreik derbäi

Moritz Ruhstaller (18)
Lycée Michel Rodange, Youth for Climate
Member vun där Plattform, déi de Streik zu Lëtzebuerg eegestänneg organiséiert

Pierre Weimerskirch
RTL-Journalist
Huet sech ënnert anerem op Ëmweltdossiere spezialiséiert a fir RTL och d'Klimakonferenze vu Paräis oder Kattowitz a Polen couvréiert.

De Resumé vum Caroline Mart

Si sinn iwwerzeegt, dass et e ganz grousse Mouvement gëtt e Freiden, dass vill méi Schüler op d'Strooss ginn, wéi sech erwaart gëtt. Vu Säite vun der Police gouf et just d'Consigne, fir den ëffentlechen Transport ze notze vun der Schoul op de Glacis a fir ze Fouss nëmmen um Trottoir ze bleiwen. Wéi soll dat goen, wann zum Beispill eleng vum Geesseknäppchen eng 3.000 Leit e Freide lass ginn, esou d'Organisateuren? Net an alle Schoule war de Support grouss, mä an alle Gebaier gëtt extrem vill iwwer d'Thema diskutéiert.

Et geet de Jonke manner ëm e ganz konkrete Fuerderungskatalog, nach manner een un déi Lëtzebuerger Regierung, mä et geet drëm, Politik a Gesellschaft ganz allgemeng opmierksam ze maachen, en Zeechen ze setzen, esou kann et net weider goen, et musse konkret Mesurë geholl ginn, ganz séier a vill méi radikal wéi bis elo.

Generatioune-Fro!

Déi Jonk vum Organisatiounscomité vu Youth for Climate gesi sech als Deel vun enger internationaler Beweegung, déi duerchaus eppes Historesches hätt, jo et wier eng Generatioune-Fro, déi Jonk missten eens gi mat deem, wat d'Generatioune virun hinne gemaach an och net gemaach hunn. Gi si an hirem Uleies eescht geholl? Net ëmmer, oft géif versicht ginn, hinnen d'Wëssen oder en Iwwerbléck ofzeschwätzen, eng paternalistesch Aart a Weis, déi och geduecht wier, déi ganz Beweegung kleng ze schwätzen, woubäi och vill Politiker sech net d'Méi géinge maachen, fir sech an d'Dossieren anzeschaffen, a grad déi Jonk vun haut wiere wat Ëmweltfroe betrëfft, gutt informéiert. Angscht hätte si schonn ëm hir Zukunft a wëll d'Gefor an hiren Aen esou grouss ass, wier et och wichteg, an der Schoulzäit ze streiken, och dat wier e kloert Zeechen: Firwat léieren, wann een dir deng Zukunft hëlt?

Déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg ass e Virbild fir ganz vill Jonker vun haut, wëll si esou kloer an esou konsequent ass a bewisen hätt, dass een Eenzele wuel eppes bewierke kann.

Ass et méiglech, déi radikal Verännerungen, déi néideg sinn, fir de Klimawandel ze bekämpfen, reng op fräiwëlleger Basis ze erreechen? Och, awer net eleng iwwert dee Wee, esou d'Äntwert vun de Jonken, déi sech selwer och prett soen, fir hire Liewensstil ze änneren an op villes ze verzichten, wat an der Elteregeneratioun nach selbstverständlech war. Si maache sech awer keng Illusiounen, nëmmen a concertéierten internationalen Aktiounen an Accorden ass wierklech e Changement, deen eppes bewierkt, ze maachen.

Ze lues?

Wéi schwéier esou Accorden ze fanne sinn, well et d'Unanimitéit braucht an all Land nach versicht, fir sech extra Privileegen auszehandelen, huet den RTL-Expert Pierre Weimerskirch erkläert. Hie war op de Klimakonferenzen zu Paräis an a Polen derbäi. D'Fro, déi déi Jonk sech stellen, ass just, ob de Rhythmus, am deem d'Politik Verännerungen decidéiert, der Urgence vum Klimawandel gerecht gëtt.

Egal wéi si se all e bëssen opgereegt a gespaant op dat, wat e Freide geschéie wäert, iwwerzeegt, dass et eng grouss Participatioun gëtt.

Wéi vill déi Jonk zu Lëtzebuerg an an den anere 40 Länner, wou nach dëse Freiden gestreikt gëtt, gelauschtert ginn, dat bleift ofzewaarden.

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)