De 24. Februar dat anert Joer ginn et véier Joer, datt Russland d'Ukrain iwwerfall huet an de Krich ass nach ëmmer net eriwwer.

Et gëtt vun engem neie Krich geschwat, deen net méi just mat Panzer, Bommen a Rakéite gefouert gëtt, mä och mat Dronen, Kënschtlecher Intelligenz a Cyberattacken. Hu mer keen anere Choix, fir massiv an eis Verdeedegung z'investéieren, well Russland kee Fridde wëll an d'USA ënnert dem Donald Trump eis net méi wëlle schützen? Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
 
Datt kee Wee laanscht eng Oprëschtung geet, doriwwer gouf et an der Ronn e Konsens. Mä Zaldoten a Material eleng geet net duer, fir géint de Géigner ze gewannen. Et geet och ëm d'Strategie an déi vu Russland ass speziell. Den Olivier del Fabbro. Hie fuerscht iwwert d'KI an d'Philosophie vum Krich.

"Also Russland ass jo an der Reegel militäresch méi schwaach wéi d'NATO a muss dat duerch aner Aart a Weise gutt maachen, wéi Dir gesot hutt. Dat heescht zum Beispill wat ee lo einfach déi Hybridkrichsféierung nennt. Dat heescht, dat ass alles tëschent oppener Krichsféierung a regulärer Staats, also Staatsaarbecht. An do hutt Dir Cyber dran, do hutt Dir Desinformatioun, do hutt Dir d'Finanzéierung vu Proxien nennt een dat, also terroristesch Gruppen oder organiséiert Kriminalitéit benotzen. An dat gesi mer ëmmer méi, och elo géint d'EU, géint d'NATO -Länner. Mee et leeft natierlech och weider un der Ukrain. Also et däerf een net mengen, dass déi Hybridkrichsféierung ophält, wann déi oppe Krichsféierung stattfënnt."

Drone sinn aus dem Krich net méi ewech ze denken. Den ukrainesche Verdeedegungsminister hat op senger rezenter Visitt zu Lëtzebuerg gesot, datt Russland 8 Millioune Stéck d'Joer kéint produzéieren, esou datt d'Ukrain 8,5 Millioune muss hierstellen, fir kënne matzehalen. Drone ginn awer net just benotzt, well se onkomplizéiert an der Produktioun sinn, mä de Käschtefacteur spillt och eng wesentlech Roll, den RTL Journalist Jeannot Ries:

"D'Entwécklung vun esou enger Dron, déi kascht ongeféier 1.000 Dollar. Si bréngen et fäerdeg, mat esou enger Dron e russesche Panzer ze zerstéieren, deen 3-4 Millioune kascht. An et muss een och soen, et si lauter Tüfteler eigentlech, well si zum Deel hu se 3D -Printen, mat deene se d'Basis vun der Dron maachen, dann huele se eng Tellerminn, si huelen do den TNT eraus, si maachen en an eng Gedrénksbéchs a si bastelen domadder hir eege Waff. An déi setze se dann un der Front a klengen Unitéiten an, wou se flexibel sinn."

D'Drone sinn aus der Nout eraus entstanen, seet d'Direktesch vun der Defense, d'Nina Garcia. D'Ukrainer hätten net genuch schwéiert Geschoss gehat an eng Alternativ misste fannen.

Drone ginn iwweregens den Ament och schonn zu Lëtzebuerg produzéiert, allerdéngs (nach) keng mat Sprengsätz drun. Dat kéint änneren, wann dat neit Waffegesetz bis do ass. D'Zil ass et jo, datt vun deene Suen, déi mer an d'Verdeedegung investéieren och de Wee an d'Lëtzebuerger Wirtschaft zeréck fënnt. Den ADR-Fraktiounspresident, deen Invité vun der Redaktioun war, war do relativ pessimistesch. Et kéint just e ganz klengen Deel hänke bleiwen. De President vu LuxDefense, der nationaler Associatioun vun den Entreprisen, déi an der Defense schaffen, den André Wilmes, muss dem Fred Keup do widderspriechen. D'Faktelag wier eng aner.

"Mir hunn haut eng Eurocomposite, wou Stécker, déi fléien um F35, déi fléien um Typhoon, déi sinn op Landweequickel verbaut, déi sinn op Schëffer verbaut. Mir hunn en Uplift 360, dat ass eng Startup a Materialrecyclage, déi recyclen Typhoon-Baustécker. An de Membere sinn och eng Ceratizit, déi dobäi ass grouss Produktiounsanlage vun hirer Defense-Divisioun op Lëtzebuerg ze bréngen. Dat heescht, an dat si jo och, ok, dat sinn do alles nëmme Komponenten, déi an d'Liwwerketten agereecht sinn. Dat heescht, dat ass ëmmer Business-to-Business-Relationships. Mee och Business-to-Government hu mer zu Lëtzebuerg schonn eng ganz Panoplie."

Den André Wilmes nennt virop d'SES, déi Regierungen d'Méiglechkeet vun enger sécherer Kommunikatioun ka ginn. Ee vun eise groussen Atoute confirméiert d'Direktesch vun der Defense, d'Nina Garcia.

"Virun allem Satellittekommunikatiounen, mee awer net nëmmen, och Äerdobservatioun, Space Situation Awareness ass do, wou Lëtzebuerg awer eng relativ mature Industrie huet a wou eis och erlaabt dann en direkte Retour économique ze kréien, well mir zum Beispill e Projet, deen d'Nato eis och wëll ëmsetzen, wéi zum Beispill de Satellitt Govsat 2 a wou mir dann e Kontrakt maachen direkt mat enger SES. Dat ass natierlech deen direktste Retour économique, deen et gëtt, well direkt eng Firma, déi zu Lëtzebuerg ass, dee Kontrakt kritt."

Eis Invitéen

Nina Garcia
Direktesch Defense
Am Conseil vu GovSat

RTL

© Tom Zeimet

André Wilmes
President LuxDefense
CEO Rafinex

RTL

© Tom Zeimet

Olivier Del Fabbro
Dozent Professur fir Philosophie ETH Zürich
Fuerscht iwwert KI a Philosophie vum Krich

RTL

© Tom Zeimet

Jeannot Ries
RTL Journalist
Couvréiert EU- a NATO-Sommeten

RTL

© Tom Zeimet