Méi oder manner reguléieren: Si Wirtschaft, Mënscherechter a Klima kompatibel? Déi Fro stoung am Zentrum vun eiser Emissioun "Kloertext".

Dat virun allem virum Hannergrond vun der COP30, déi aktuell zu Belém a Brasilien organiséiert gëtt. Invitéen am Studio waren den CSV-Deputéierten a Bauer Jeff Boonen, den DP-Deputéierten a Bauer Luc Emering, den LSAP-Deputéierten a fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot an déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

Et wier och net am Sënn vun Europa, wa Gesetzer, déi d'Kompetitivitéit reegelen, verwässert ginn, huet de Franz Fayot mat Bléck op de rezente Vott am EU-Parlament iwwert d'Liwwerkettegesetz gemengt, bei deem Lockerunge virgesi goufen, notamment ënnerleien elo vill manner Betriber dem Gesetz. D'Tilly Metz ass nach ee Schrëtt méi wäit gaangen an huet vun enger Attack op d'Demokratie geschwat, well Kompromësser, déi iwwert eng laang Zäit tëscht de Parteie vun der Mëtt verhandelt goufen, duerch een Accord tëscht der konservativer Europäescher Vollekspartei an de méi rietse Fraktiounen op ee Coup iwwert de Koup geworf gi wieren.

"Wann et elo all Kéiers esou geet, datt d'EPP, also déi europäesch Vollékspartei, Chantage mécht bis zum Schluss, entweder dir maacht lo mat eis, wéi mir soen oder mir gi bei déi extreem Riets, dat ass d'Enn vun enger staarker europäescher Unioun." 

De Jeff Boonen huet entgéint, d'EVP kéint net einfach hir Positiounen opginn, just well déi méi riets Fraktioune se ënnerstëtzen.

Bei de Liwwerkette spillen d'Konditioune bei der Produktioun eng ganz wichteg Roll. Do ass een da séier bei Fräihandelsaccorden, zum Beispill de Mercosur tëscht der EU an Deeler vu Südamerika. D'Suerg, datt den europäesche Marché duerch deen Accord mat Fleesch vu Béischten iwwerschwemmt gëtt, déi deemno wéi ënnert zweiwelhafte Konditioune gezillt ginn, deelt den CSV-Politiker net. Pro Joer kéinten nämlech just 100.000 Tonnen zu engem reduzéierten Zolltariff importéiert ginn. Et géing iwwerdeems eng Method ginn, fir sech manner Gedanken iwwert Importer aus Südamerika mussen ze maachen.

"D'Fleeschproduktioun an Europa hëlt of. Dat heescht, entweder beméie mer eis, d'Fleeschproduktioun an Europa opzebauen oder mer akzeptéieren, wa mer dat selwecht Fleesch iessen, datt et iergendwou hierkënnt. Dat ass eng Prioritéitendiskussioun, déi mir musse féieren."

D'Ronn huet och doriwwer diskutéiert, datt Entreprisen, déi deels d'Natur zerstéieren, vun der Lëtzebuerger Gesetzgebung profitéieren, fir Steieren ze spueren. Fir de Franz Fayot misst de Grand-Duché sech d'Moyene ginn, fir dogéint virzegoen.

"Datt een higeet an dem Parquet ka soen, grad sou wéi der eng eidel Coquille kënnt liquidéieren, kënnt der och an ee Business goen, deen averéiert illegal Aktivitéite mécht an dir kënnt dee liquidéieren. Oder dir gitt enger Schlichtungsstell wéi dem Ministère de l'économie, dem NCP, bindend Moyenen, fir mat deenen ze schwätzen, datt se ophale mat deene Praktiken." 

Een anere Sujet war dat europäescht Deforestatiounsgesetz, wou Lëtzebuerg sech zesumme mat anere Länner géint den initialen Text ausschwätzt. Am Fong sollt duerch dat Gesetz d'Ofholzung vum Reebësch verhënnert ginn. Fir de Luc Emering ass deen Text awer ee gutt Beispill vun enger Iwwerbürokratiséierung, déi der Lëtzebuerger Ekonomie méi schuet wéi se der globaler Ekologie hëlleft.

"Iwwert d'Bëschgesetz, iwwert d'Naturschutzgesetz ass de Bësch zu Lëtzebuerg a senger Integralitéit geschützt. Kee Mënsch dierf hei ee Bam haen, fir dono do Mais oder Soja unzebauen. Dat heescht déi Deforestatiounsdirektiv ass reng fir eist Land iwwerflësseg."

Iwwert déi ganz Debatt ewech ass opgefall, datt d'Vertrieder vun den zwou Regierungsparteien ëmmer nees fir eng pragmatesch Approche plädéiert a gewarnt hunn, datt duerch ze vill Ideologie de Réckhalt fir Ëmwelt- a Klimaschutz an der Populatioun zeréckgeet. D'Vertrieder vun den Oppositiounsparteien hunn der Majoritéit par Konter virgeworf, net ambitiéis genuch ze sinn an d'Interesse vun Deeler vun der Ekonomie ze vill an de Mëttelpunkt ze récken.

Kontextualiséierung vun Aussoen iwwert Mesuren aus dem nationalen Energieplang

An der Sendung sot den Luc Emering, d’CSV-DP-Regierung hätt d’Heizungsverbuet vun der viregter Regierung aus dem Klima- an Energieplang (Pnec) erausgeholl. Ob et esou en Heizungsverbuet gouf, ass allerdéngs ëmstridden. Am ale Pnec stoung, datt wann déi volontaire Approche net géing duergoen, géif et eng obligatoresch Approche ginn. Et wier dann envisagéiert, futtis Mazouts- oder Gasheizungen just duerch méi klimafrëndlech Heizmethoden ersetzen ze loossen. De Fall gesat, géifen entspriechend Gesetzer mat Transitiounsphasen a kloren Daten annoncéiert ginn.

Am neie Pnec steet just nach eng volontaire Approche. Ma och, datt d’Regierung géing préiwen, ob een e Stock vun Heizungen zur Verfügung hält, fir wann Mazouts- a Gasheizunge futti ginn, als Depannage fir e puer Wochen oder Méint. An där Zäit soll d’Installatioun vun enger Wärmepompel geplangt an ëmgesat kënne ginn.

Mat hir diskutéieren:

De Jeff Boonen, CSV-Deputéierten a Bauer

RTL

D’Tilly Metz Europadeputéiert vun Déi gréng

RTL

De Luc Emering, DP-Deputéierten a Bauer

RTL

De Franz Fayot, LSAP-Deputéierten a fréiere Wirtschaftsminister.

RTL