Dat war dee ganz grave Sujet e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart mat ë.a. der Grande-Duchesse an dem Dr. Denis Mukwege.

Si gi Survivanteë genannt, Iwwerliewend, d'Affer vu Vergewaltegung a Krichsgebidder! A sou schrecklech all Viol och ass, dës hunn nach eng weider Dimensioun: Si si quasi eng Massevernichtungswaff, bëlleg a grausam nohalteg, well d'Affer, wa se iwwerliewen, hiren Trauma ni lass ginn, hir Famille mat zerstéiert ginn - a genee dat ass gewollt, genee dat geschitt, ouni dass Täter zur Rechenschaft gezunn oder d'Affer entschiedegt ginn.

Wat muss passéieren, fir dass endlech eppes ännert? En Dënschdeg an e Mëttwoch ass en internationale Forum mat villen Experten a virun allem Survivanten, si stinn am Zentrum vum Forum, zwee vun hinnen temoignéieren am Kloertext, grad ewéi d'Grande-Duchesse, op där hir Initiativ dëse Forum organiséiert gouf.

Am Studio reagéieren 3 héichkaräteg Experten, déi sech zanter Joerzéngte fir Mënscherechter asetzen: de Friddennobelpräislaureat Dr. Denis Mukwege, déi international Juristin Céline Bardet, déi 2014 hir eegen ONG gegrënnt huet "We are not weapons of war" (Mir si keng Krichswaffen), an den Dokter, Diplomat a Member vun der Académie française, de Jean-Christophe Rufin, deen als "Grand témoin" invitéiert ass fir d'Clôture vum Forum.

D'Invitéen

Dr. Denis Mukwege
Gynekolog, Chef vum Spidol Panzi am Kongo
Friddensnobelpräis 2018

Céline Bardet
Juristin a Mënscherechtsaktivistin
Grënnerin vun der ONG "We are not weapons of war"

Jean-Christophe Rufin
Neurolog, Diplomat, Humanitär
Schrëftsteller, Member vun der Académie française

Virun der Talkronn gouf et en Interview mat der Grande-Duchesse Maria Teresa, déi de Forum "Stand Speak Rise Up" initiéiert huet.

VIDEO: "Stand Speak Rise Up": Interview mat der Grande-Duchesse
Fir de Kloertext iwwer d'Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder hat d'Caroline Mart d'Maria Teresa am Interview.

De Resumé vum Caroline Mart

AUDIO: Kloertext: Resumé vum Nadine Gautier

Wat ee muss verstoen, dass et sech an dësem Fall ëm systematesch Vergewaltegung handelt an zwar eng ganz speziell fuerchtbar Zort: Et geet hei guer net ëm Sexualitéit, et geet ëm geplangten Erniddregung an Zerstéierung an dat net just vum direkten Affer. Ob dat elo am Krich oder Biergerkrich ass, de Prinzip ass esou einfach wéi grausam: Et zerstéiert ee mat wéineg Käschte ganz Populatiounen a bis elo kommen esouwuel d'Täter wéi och déi politesch Responsabel ongeschuer dervun. Et kann ee wierklech vun enger Zort Massevernichtungswaff schwätzen, eng, déi iwwer Generatioune futtimécht an ëmmer méi oft systematesch agesat gëtt uechtert d'Welt an et trëfft net just Fraen, mä och Männer a Kanner, souguer u Puppelcher gëtt sech vergraff.

"De Mann, dee Frae reparéiert"

Den Thema ass net méi wierklech Tabu, Mënscherechtsaktiviste kämpfe scho Joerzéngten, dass sech endlech eppes ännert, mä spéitstens zanter dem leschte Joer ass et engem ganz breede Public bewosst gi mam Friddensnobelpräis. An zwar ee gemeinsamen, e schéint Symbol, engersäits un déi jonk Irakerin kurdescher Ofstamung Nadia Murad, déi selwer d'Affer gouf vum sougenannten Islamesche Staat an zanterhier géint Gewalt a Versklavung kämpft, an op der anerer Säit dem Dr. Denis Mukwege, Gynekolog aus dem Kongo, dee se do "De Mann, dee Frae reparéiert" nennen, well hien a sengem Spidol zu Panzi zegdausend Fraen operéiert, déi net just violéiert, mä och mutiléiert a gefoltert goufen, an hinnen nieft der medezinescher Hëllef och nach psychologesch a juristesch Ënnerstëtzung a Schutz bitt.

"Ech si vill léiwer a mengem OP-Sall am Gaangen, mäi Metier als Dokter ze maachen", esou den Denis Mukwege, mä hie weess, dass en och muss eraus virun d'Kameraen, fir am Numm vu "senge Fraen" d'Weltëffentlechkeet ze sensibiliséieren an zemools ze erreechen, dass d'Leed unerkannt gëtt an net méi ongestrooft bleift.

"Ni méi dat" ... kann ech net méi héieren

D'Céline Bardet, déi et fäerdegbruecht huet, dass genee dat a Bosnien geschitt ass, nodeems si eng Serbin verdeedegt huet, déi vergewaltegt gouf, mécht sech trotz allem Engagement keng Illusiounen. A wann et ee Saz gëtt, dee si net méi héiere kann, dann deen "Ni méi dat". Ze vill misst nach gemaach ginn, et sollt ee kengem falsch Hoffnunge maachen, weder national Regierungen, nach international Organisatioune wéi den Internationale Strofgeriichtshaff géingen hir Roll erfëlle bis elo. Dass et sech ëm e Verbrieche géint d'Mënschlechkeet handelt, ass unerkannt, wat den Affer feelt, ass d'Ëmsetzung vun dem Prinzip, dass d'Täter an déi, déi se ustëppelen, an de Prisong kommen an net méi fräi erëmlafen an aner Frae vergewaltegen.

Am Kloertext och d'Aussoe vun 2 Affer, der Mague Tsongo vun der demokratescher Republik Kongo an der Esperande Bigirimana aus dem Burundi. Déi jonk Kongolesin huet 2 Kanner kritt no Vergewaltegungen a beschreift, wéi schwéier et war, si unzehuelen, a wéi e Wee si huet misse goen, fir dës Kanner awer mat Léift als hir eegen ze akzeptéieren. Ganz vill Kanner kommen no esou Viollen op d'Welt a si ginn entweder verlooss oder hir Mamme di sech schwéier. D'Froe vun de Kanner no hirem Papp räisst d'Wonne vum Trauma nees op, hinnen d'Wourecht soen, "däi Papp ass e Kriminellen, deen deng Mamm vergewaltegt huet", ass ganz schwéier ze erdroen. Fir den Dr. Mukwege sinn dës Kanner "tickend Zäitbommen".

Kämpfe fir eng Cause

D'Survivanteë waren net am Studio, wëll all d'Affer extrem fragil sinn duerch dat Fuerchtbaart, wat si erlieft hunn, si ginn och vun den Organisatioune wéi der Fondatioun Mukwege, déi se begleeden, ganz gutt encadréiert a geschützt - mä an engems spiert een, wéi staark déi Fraen och nees gi sinn, an dat wëll si d'Méiglechkeet kruten, fräi ze schwätzen, dass hinnen endlech gegleeft gëtt, an och duerch international Netzwierker, wou si sech mat aneren Affer an der ganzer Welt kënnen austauschen. Politesch sinn d'Ursaache fir d'Verbriechen, déi een hinnen ugedoen huet, villäicht verschidden, den Trauma ass awer iwwerall deeselwechten - léieren, iergendwéi weider ze liewen, kämpfe fir d'Cause, dat kann an dem Prozess duerchaus hëllefen.

Et ass eng wichteg Cause, an där nach enorm vill ze maache bleift a wou all déi, déi dermat ze dinn hunn, en héije Präis bezuelen, och en Dr. Mukwege, dee gezwongen ass, a sengem Spidol ze liewen, ënner Schutz, well versicht gouf, hien ëmzebréngen, dee weder Fräiheet, nach Fräizäit méi huet an awer ni dru geduecht huet opzehalen. Oder d'Juristin Bardet, déi schonn an 90 Länner gereest ass, fir Enquêten ze maachen, fir Beweiser ze sammelen, an déi och nëmmen duerch enorm Chance engem Bommenattentat entkomm ass. Vläicht sicht ee sech seng Cause net, mä wann ee se bis fonnt huet, da léisst ee se net méi lass - esou déi zwee Invitéen, déi Grousses leeschten an awer ganz einfach bliwwe sinn.

Iwwerraschungsgaascht aus Frankräich um Forum

VIDEO: Interview Brigitte Macron a Grande-Duchesse Maria Teresa
Iwwerraschungsvisitt vum Brigitte Macron e Mëttwoch de Mëtteg um Forum "Stand Speak Rise Up".

Weider Reportagen iwwer de Forum

VIDEO: Stand, speak and rise up: D'Konferenz an der Stad
D'Grande Duchesse huet eng Konferenz géint sexuell Gewalt vu Fraen organiséiert, déi dësen Dënschdeg um Kierchbierg ageweit gouf.
VIDEO: Stand up: D'Siicht vun enger Fra aus Syrien
Mat hirer Famill ass d'Ravda Nur Cuma 2011 aus Syrien geflücht an huet ronn 6 Joer an engem tierkesche Flüchtlingslager gelieft
VIDEO: De ganzen Interview mam Ravda Nur Cuma
Déi syresch Fraerechtlerin huet sech de Froe vum Monique Kater gestallt.
VIDEO: "Stand Speak Rise Up": E Forum och voller Liewensfreed ...
... a mat enger Grande-Duchesse, wéi ee se seelen erlieft.
VIDEO: Feierlechen Ofschloss vu Konferenz "Stand Speak Rise Up"
E mega Event iwwer d'Lutte géint sexuell Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder mat iwwer 50 Survivanteën, 3 Friddensnobelpräis-Laureaten, ville Perséinlechkeeten.

Emouvant Temoignagen

VIDEO: Stand Speak Rise Up: Temoignagë vu "Survivors"
Fënnef Fraen aus Afrika, Kosovo a Kolumbien hunn hir emouvant Geschicht um Ufank vun der Zeremonie an der Philharmonie erzielt. (Free Lens TV)

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)