Polverfaass Stater Gare: De Problem bei der Wuerzel paken

De Frust ass grouss. D'Bierger op der Stater Gare hunn es sat. Den Drogenhandel, d’Toxikomanen, d'Spuren, déi se hannerloossen, a virun allem d'Onsécherheetsgefill. Et gëtt vill, wat d'Blutt vun den Awunner héich kache léisst. D'Fuerderung op der Biergerversammlung ass kloer: méi Police-Präsenz. Dat geet awer net duer, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.
Jo eng verstäerkte Präsenz vun der Police, der Staatsgewalt, ka Rou an d'Stroosse bréngen. An dat brauch dëse Quartier ganz dréngend. Mä dat geet net duer. Wien eemol mat den Dammen an den Hären an Uniform schwätzt, also deenen, déi d'Realitéit um Terrain ganz gutt kennen, déi wëssen, dass och d'Ausbilde vun neie Polizisten näischt un dëser Problematik ännert. D'Droge ginn dann eben eng Strooss weider gedealt. Fir d'Stater Gare gëtt et keng eng Wonnerléisung, ma et brauch eng ganz Rei verschidden Usätz. D'Policepräsenz mat Patrulle stäerken ass e Wonsch, fir méi Sécherheetsgefill ze schafen. Do kéint och d'Stad Lëtzebuerg eppes maachen an zwar mat private Sécherheetsfirmen. Beim Abrigado zum Beispill kéinten Sécherheetsleit dofir suergen, dass Toxikomanen net en Masse bausse ronderëm hänken, sech sprëtzen, dealen an deelweis sech souguer zerschloen.
Et sinn an op der Stater Gare awer och ganz aner Mesuren néideg. De Problem muss bei der Wuerzel gepaakt ginn. Drogenhandel entsteet nämlech just do wou eng Demande ass. Ouni Demande, keng Offer. Natierlech kritt een de Problem vun den Drogen, néierens op der Welt, komplett an de Grëff, mee et kann een sech un Stied wéi Zürech orientéieren. Do ginn et ganz vill verschidden Drogekonsumraim wéi den Abrigado. All mat verschiddenen Ëffnungszäiten. Sou pilgeren d'Toxikomanen an hänken net just op enger Plaz wou sech dann, wéi hei ronderëm d'Gare an Bouneweg alles konzentréiert.
Anerersäits muss ee méi sensibiliséieren a schockéieren, ganz besonnesch bei Jonken. Et muss een donieft awer och deenen hëllefen, déi schonn am Drogesumpf dra stiechen an net erauskommen. Et feelt un den néidege Logementer a Strukture wäit fort vun der Zeen, um Land, wou sech wierklech mat deene Leit ka beschäftegt ginn.
Dass d'Police méi Leit brauch - ass e Fakt. Ma dat eleng geet net duer. D'Politik muss de Beamte méi Moyene ginn, fir kënnen duerchzegräifen an da muss och d'Justiz noleeën an hiren Deel maachen. Et dierf net iwwer d'Grenzen ewech kloer sinn, dass et einfach ass hei am Land Drogen ze verkafen. Well dat ass d'Impressioun, déi ee mëttlerweil huet.
Léif Politiker et ass un iech.