37 Deeg effektive Lockdown bleiwen net ouni Konsequenzen op d’Bierger an d'Betriber.

Am Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg goung et en Donneschdeg ëm d'Auswierkunge vun der Kris an ëm d'Fro, wéi et virugeet.

Eng vun den Invitéeë war d'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL.
Si sot, si kéint sech virstellen, datt och no der Kris méi Beruffsgruppen op den Télétravail zeréckgräifen:

"Et ka klappen, et huet een et gesinn. Et ass a verschiddene Secteure wierklech flott gaangen. Et huet gutt geklappt, mä et muss encadréiert ginn an et muss een och op déi grouss Gefore vum Télétravail oppassen. Den Droit à la déconnexion. Datt, wann ee vun doheem schafft, een awer nach eng Trennung huet tëschent sengem Beruffsliewen a sengem Privatliewen. Dat si Saachen, déi musse gutt encadréiert ginn an déi musse verhandelt ginn. Do brauche mer en Accord um Télétravail hei zu Lëtzebuerg. "

D'Nora Back

Den Télétravail funktionéiert jo den Ament och am Enseignement. Och do hätten d'Leit sech séier ëmgestallt, seet d'Julie-Suzanne Bausch. Si ass Philosophieprofesser a Sous-Directrice vum Lycée zu Dikrech. Si gesäit och dat Gutt, dat een aus dëser Kris zéie kann.

"Et ass seelen, datt bei enger Kris, esou séier oder esou fréi, eng Rei net esou negativ Aspekter sech erausgeschielt hunn. Et si Leit, mir hunn Enseignanten, déi am däitsch oder franséische Grenzgebitt wunnen, déi gesot hunn "ech schaffe besser mam Télétravail, wann ech Exercice maache mat mengem Grupp, wéi wann ech annerhallef Stonn am Stau stinn, fir a meng Schoul gefuer ze kommen. Dat heescht, do kann een och vläicht Léieren zéien, datt ee méi effikass a méi human ka schaffen."

D'Julie-Suzanne Bausch

Ee vun den Invitéë war de Jean-Paul Neu, den Direkter vun Dussmann. Hie sot, et géing ee sech op eng laang Duuschtstreck astellen. Zum Beispill an der Wäscherei.

"Wa mir do am Hierscht, am spéiden Hierscht, erëm op der normaler Route kéinte sinn, da wiere mir ganz zefridden. Catering, do denken ech, datt et dauert bis nom Summer, wann d'Schoulen erëm normal ufänken, datt mer dann erëm iergendwou den normale Wee fannen. Am Botzsecteur schéngt et mer, datt et nach schwiereg bleift, well d'Mesurë maachen den normale Fonctionnement jo net méiglech. Dat heescht, mir kënnen net normal schaffe wéi soss. Mir hu vill méi Zäitopwand. Dee mécht eis ze schafen." 

De Jean-Paul Neu

D'Independante begréissen d'Moossnamen, déi d'Regierung decidéiert huet, fir de Betriber ze hëllefen. Si si frou iwwer all Cent, dee se kréien, mä et geet net duer.
Dee Message huet d'Alexa Ballmann ginn, si ass d'Presidentin vu "Jong Handwierk" a schwätzt iwwert déi 5.000 Euro fir Betriber mat bis zu 9 Salariéeën.

Déi ginn zum Beispill bei mir kaum duer, fir meng Lounniewekäschten ze bezuelen. Dat muss een och nach eng Kéier betounen. D'Leit mengen ëmmer, mir géifen eis Salariéë gratis geparkt kréien, mä dat ass net wouer. Mir musse weiderhin d'Lounniewekäschte bezuelen. Dat heescht, mir kréie wuel 80 Prozent vum Salaire vum Salarié bezuelt, mä d'Lounniewekäschten, déi sinn och nach eng Kéier héich an déi lafe weider.

A jee méi Employéen een huet, jee méi grouss ass dee Facteur, dee mat anzerechnen ass. Déi 5.000 Euro Aide, déi mer do kréien, ech si frou dass mer se kréien, mä et muss een awer ganz kloer soen, dat ass weder fir eis, nach fir d'Käschte vun eisem Betrib ze decken, zum Beispill Loyeren, well et geet kaum duer, fir d'Soziallaaschten ze bezuelen.

D'Alexa Ballmann

Dat diskutéieren am Kloertext :

Nora Back
Presidentin vum OGBL

Alexa Ballmann
Presidentin vu Jonk Handwierk

Jean-Paul Neu
CEO vun Dussmann

Julie-Suzanne Bausch
Philosophieprofessesch a Sous-Directrice vum Dikrecher Lycée