Eng zentral Fro ass: Wéi wäit verbreet ass de Virus an der Populatioun? Dofir ass eng representativ Etüd gemaach ginn.

Wat ass bis ewell wierklech gewosst iwwer den Coronavirus? Dat war déi zentral Fro an der Emissioun Kloertext. Beim Caroline Mart souzen zwee Experten, déi ënner anerem iwwer d’Stierflechkeet vum Coronavirus geschwat hunn, de Profil vun de Patienten, d’Donkelziffer an d’Critèren op deenen Mesure fir den Deconfinement baséieren. Dëse Kloertext huet sech deemno net ëm ekonomesch an sozial Iwwerleeungen gedréint, mä reng ëm déi Wëssenschaftlech.

Resumé Kloertext / Reportage Annick Goerens

D’Coronavire ware scho virun der Pandemie keng Onbekannter, ma d’Intensitéit vun de Symptomer déi duerch de Sars-Cov-2 ausgeléist ginn, wier däitlech méi staark. Wei geféierlech ass dëse Virus dann elo wierklech? Den Dokter Claude Müller, Virolog vum "Luxembourg Institute of Health":

„Ech mengen, en ass virun allem geféierlech doduerch, dass en op eng Populatioun trëfft, déi praktesch keng Immunitéit huet. An doduerch trieden ganz vill Fäll op an doduerch ganz vill Fäll, déi mussen hospitaliséiert ginn, eben op Grond vun der héijer Mobilitéit vum Virus. An eben och op d’Intensivstatioun. An dat ass schwéier fir eng demokratesch Gesellschaft z’erdroen, dass esou vill Fäll op eemol optrieden.“

Béid Experte bedaueren, dass vun offizieller Säit éischter wéineg vun de Profiller vun de Patiente gewosst wier. Dat wär awer wichteg, fir och an Zukunft de Bedarf vun Spidolsbetter kënnen anzeschätzen. Do kéim besonnesch op den Alter vun den Neiinfektiounen un. Nach eemol den Dokter Claude Müller:

„Déi, déi ënner 50 sinn, sinn der, déi ganz wéineg d’Hospitalisatioun an Usproch huelen, déi, déi iwwer 70 oder 75 sinn, déi huelen am Prinzip d’Intensivbetter ganz staark an Usproch, awer déi kann een natierlech anescht schützen, wéi dass een e kompletten Lockdown vun der Gesellschaft mécht. An dann hu mer eng Kategorie déi dertëscht läit, 50-75. An do mussen mer eng ganz speziell Approche hunn, dass déi Leit an Eegeverantwortlechkeet sech schützen, mat ganz einfache Moyenen ass dat méiglech. An ech mengen, déi 3 Kategorie muss ee ganz eendeiteg ënnerscheeden.“

Et géing vill op déi ënnerschiddlech Mesurë vun den EU-Memberstaate gekuckt ginn, besonnesch och par Rapport zu eisen Nopeschlänner, mä och hei si sech d’Wëssenschaftler eens: ouni dës Noutbrems hätt et kéinten widder d’Mauer goen. Den Dokter Ulf Nehrbass Spriecher vun Research Luxembourg an CEO vum „Luxembourg Institute of Health“:

„Wir haben ja Beispiele aus den Nachbarregionen. Das heißt also, es war das resolute Durchgreifen zu einem relativ frühen Zeitpunkt. Damals möchte ich sagen, gab es 20 Fälle die tatsächlich positiv waren, die bekannt waren als die Maßnahmen eingeführt wurden und im Nachhinein war das früh aber genau richtig.“

Zu de ville Froen ronderëm déi ënnerschiddlech héich Afferzuelen a Frankräich oder Italien zum Beispill, erkläert den Dokter Claude Müller nach, dass et eng landesspezifesch Mortalitéit gëtt. Italien hätt zum Beispill souvill méi Doudeger ze bekloen, well déi sozioekonomesch Ëmstänn ganz Anerer wären. Do géifen zum Beispill nach méi dacks 3 Generatioune mateneen an engem Haus wunnen an deemno kéim et och méi séier zu engem sougenannten Cluster, wou méi Leit matenee krank ginn.

Matdiskutéiert hunn:

Dr Ulf Nehrbass
Spriecher Research Luxembourg an CEO LIH

Dr Claude P Muller
Virolog vum Luxembourg Institute of Health