An der Emissioun Kloertext gouf en Donneschdeg iwwert d'Wunnsituatioun am Grand-Duché diskutéiert.

D'Situatioun um Wunnengsmaart stoung am Mëttelpunkt vum Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg. Et goung an der Diskussioun awer net just ëm de Problem, mä och ëm méiglech Léisungen. Eng dovunner kéint eng Erweiderung vum Bauperimeter sinn.

Dat ass eng Iddi hannert där, déi ënnert anerem den CSV-Deputéierte Marc Lies steet. Hien ass och Vizepresident vun der Logementskommissioun an der Chamber

"Déi Präisser, déi den Ament am Perimeter ze bezuele sinn, do mécht een haut keng abordabel Wunneng méi. Also musse mer dohinner goen an de Perimeter opmaachen an dann do 30 Prozent à coûts modérés ëmsetzen."

Et ass keen, dee seet, datt mer de Perimeter net sollen opmaachen, huet d'Presidentin vun der parlamentarescher Logementskommissioun op déi Iddi geäntwert. D'Semiray Ahmedova vun déi Gréng hält awer drop, datt dat op eng intelligent Manéier muss geschéien. Dat heescht fir si, op deene Plazen opmaachen, wou et schonn Infrastrukture gëtt.

"Dee Moment, wann de Perimeter bis op ass, sollen zwee Critèrë gëllen. Dat eent ass, den Developpement esou séier wéi méiglech an dat anert ass, datt et verbaut gëtt. Dat keng nei Baulücken entstinn."

Den Architekt Jos Dell, deen och President vum Ordre des architectes et ingénieurs ass, huet awer ënnerstrach, datt een do muss oppassen, wat een zu Lëtzebuerg mécht.

"Mir hunn e Land, dat begrenzt ass. Mir wëllen net dat ganzt Land versiedelen dono. Eng Stad kann nach méi dicht bebaut ginn. Mir mussen de Leit awer och erklären, wéi ka méi dicht gebaut ginn, wéi kann een awer och nach mam Hond an d'Wiss erausgoen. Ech mengen, do gëtt et Weeër genuch, fir dass de hallef ëffentlech Reim bei de Wunnenge schaafs, wou s de net grad iwwerall däi Privatraum hues a fir datt en Duerf och nach en Duerf bleift. "

Mir sinn zum Deel am Gaangen, eis Dierfer futti ze maachen, andeems mer se a Stied ëmbauen an awer kee Liewen hunn, huet de Jos Dell gewarnt.

Fir de President vun der Chambre immobilière ass méi dicht ze bauen eng vun de Léisungen.

"Gitt eis einfach méi Densitéit, loosst eis e Stack méi bauen, op deem, wat elo do steet. Huelt e Gesetz, wou der sot, an der Densitéit vum Logement gëtt de Logement à coût modéré net gezielt an an den Niveaushéichten och net. Mir schwätzen elo am Pacte Logement vu 5.000 Wunnengen, déi mer kéinte bauen. Dat ass dach lächerlech. Mir brauchen der 15.000 a mir maachen e Pacte Logement fir der 5000 ze bauen," sou de Jean-Paul Scheuren.

Den Tom Becker, Chercheur op der Uni.lu am Departement Geographie a Landesplannung fënnt, datt et och wichteg ass, datt elo emol méi iwwer verschidden Hannergrënn vun der Logementskris géif diskutéiert ginn.

"Wéi zum Beispill investéiert gëtt, wéi ee muss verhandelen, fir Terrainen an de Perimeter ze kréien, wéi ee muss verhandelen, fir e Stack kënne bäizebauen a sou weider. Awer och elo déi ganz Saach mat de FISen, datt et esou eppes gëtt, wéi dat fonctionéiert, wéi d'Investisseure sech uleeën. Et ass awer wichteg, datt déi Saachen eng Kéier oppen ugeschwat ginn."

Op d'Fro hin, wéi eng pragmatesch Léisungen et fir direkt géifen, sot den Affekot Max Leners, dee Member am Comité directeur vun der LSAP ass, et misst een endlech d'Reform vun der Grondsteier ugoen, d'Besteierung vun den Immobilien iwwerdenken an och d'Roll vun den Notairen iwwerdenken. Eng Roll, déi a sengen Aen méiglecherweis och de Staat kéint iwwerhuelen. Am Allgemengen ass hien optimistesch, datt Léisunge fonnt ginn. D'Politik misst awer endlech handelen.

"D'Politik muss manner braddelen a méi maachen a wa menger Generatioun Politiker, dat géif geléngen, da géife mer an där hei Fro vill méi no vir kommen."

Et hu matdiskutéiert

SEMIRAY AHMEDOVA
Deputéiert déi gréng
Presidentin Logementskommissioun JOS DELL
Architekt
President OAI

TOM BECKER
Chercheur Uni.lu
Departement Geographie a Landesplanung

MARC LIES
CSV Député- Maire
Vizepresident Logementskommissioun

JEAN-PAUL SCHEUREN
President Chambre immobilière

MAX LENERS
Affekot
Member Comité directeur LSAP