Impakt vun der Pandemie op d'mental Gesondheet
An der Emissioun Kloertext huet sech en Donneschdeg den Owend alles ëm d'mental Gesondheet. Och déi aktuell Aarbechtskonditioune goufe ënner d'Lupp geholl.
Den Impakt vun der Pandemie op d'mental Gesondheet, dat war d'Thema en Donneschdeg den Owend am Kloertext mat Professionellen aus der Kanner-, Jugend- an Erwuessenepsychiatrie. Vu Jonken, déi vill responsabiliséiert goufen, bis Eeleren, déi als besonnesch vulnerabel vun der Baussewelt ofgeschnidde goufen, déi aktuell sanitär Kris wäert hir Spuere bei jidderengem hannerloossen, esou d'Experten.
Pandemie, Klimawandel, Terrorattacken, déi verschidde Krisen droen dozou bäi, datt e Grond-Vertrauen an der Gesellschaft feelt, sot de medezineschen Direkter vun der Psychiatrie an den Hôpitaux Robert Schumann, den Dr. Jean-Marc Cloos.
"Mir ginn eraus, mir gesi Leit mat Maske ronderëmlafen, mir héiere vun Terrorattacken, an dowéinst d'Confiance de base vun der Gesellschaft en général, an eben och vu Kanner, déi sech entwéckelen, an déi vun hiren Eltere musse bäibruecht kréien, dass se an enger ongeféierlecher Welt liewen, dat hu mer am Moment net."
Dobäi hätt déi sanitär Kris awer méi e staarken Impakt, wéi Terrorattacken, sou de President vun der Associatioun vun de Psychiater a Psychotherapeuten Dr. Paul Hedo.
"D'Terrorattack, dat hu mer och missten integréieren, dass dat en theoretesche Risiko an eisem Liewen an net nëmmen en theoreteschen, mä och e prakteschen, well och elo hu mer nees e Student, e Lëtzebuerger Student. Dat kënnt eis ëmmer méi no. Mä mam Covid, d'Kanner mëttlerweil, kennen alleguer een, deen de Covid hat, mir kennen alleguer Leit, déi de Covid haten, mir kenne vläicht Leit, déi gestuerwe sinn. Dat heescht déi Bedreeung ass eis awer vill méi no komm."
Et géif ee gesinn, datt d'Pandemie d'Kanner immens vill beschäftegt, sot d'Pedopsychiaterin Dr. Nora Wurth, zum Beispill un de Biller, déi si molen.
"D'Kanner hunn awer meeschtens flott Manéieren, fir effektiv och Spiller do z'entwéckelen, wéi se de Virus kënne bekämpfen, wéi se d'Saach verschaffen an d'Elteren an déi Erwuesse ronderëm sollen dat och bestäerken, dass se op hir Manéier kënnen do Léisunge fir sech fannen, fir sech do méi staark ze fillen, par Rapport zu där onsiichtbarer Gefor."
D'Kanner an d'Jugendlecher hätten den Ament leider dacks den Androck, datt si näischt kéinte richteg maachen, well si als Gefor fir eeler a vulnerabel Mënsche géifen duergestallt ginn, sot d'Kanner- a Jugendpsychiaterin Salima Aarab.
"Generell gouf jo och dee leschte Mount vill geschimpft op déi Party-Jugendlecher, déi do déi ganzen Zäit Partye feieren a sou, wat awer och en Deel vun hirer Entwécklung ass, dass een och e bësse mat anere wëll zesumme sinn. an do brauch et eng aner Kommunikatioun vis-à-vis vun eise jonke Mënschen."
Déi Jonk kéinte soss immens Scholdgefiller kréien, aus deene se net méi géifen erauskommen. Et géif een elo scho gesinn, datt verschiddener dowéinst psychesch Problemer kruten.
An den nächste Joren a Joerzéngte wäert déi psychesch Gesondheet eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft an eisem Gesondheetssystem ginn, sou nach den Dr. Paul Hedo. An Däitschland hätte 27 Prozent vun den Erwuessenen eng psychesch Erkrankung pro Joer, 15 Prozent hätten eng Angschtstéierung, 10 Prozent eng Depressioun, 6 Prozent e Suchtproblem. Dobäi kéime schwéier psychiatresch Krankheeten an et misst een dovunner ausgoen, datt et zu Lëtzebuerg d'selwecht wier. D'Corona-Kris wier eng zousätzlech Belaaschtung, fir d'Leit an och fir de System.
"De Covid huet déi staark Säit vun eisem Gesondheetssystem gewisen an déi hu mer jo och. Mir hu gutt Spideeler, mir hunn e ganz gudden ambulante Secteur. A vläicht sollten déi och intelligent zesummeschaffen, amplaz ëmmer ze kucken, wien dann elo wat soll maachen an ze streiden, mä en huet awer och Defiziter opgewisen. An an der Psychiatrie ware verschiddener, déi scho ganz kloer bekannt waren: d'Demografie vun den Dokteren, d'Attraktivitéit vum Beruff, dat war ganz kloer bekannt. Dee vun der Formatioun vun de jonken Dokteren, deen hate mir net sou um Radar, an deen ass eis déi lescht Méint awer op eng ganz dramatesch Manéier ganz ganz séier bewosst ginn."
Dëst Joer hätt ee weder am CHL nach an den Hôpitaux Robert Schuman en Assistenzdokter an der Psychiatrie rekrutéiert kritt, sot de medezineschen Direkter vun der Psychiatrie um Kierchbierg Dr. Jean-Marc Cloos, an et hätt een en dréngenden Appell un d'Uni gemaach, fir zu Lëtzebuerg eng Formatioun an der Psychiatrie an an der Pedopsychiatrie unzebidden. Et wier awer och wichteg, dass d'Zäit fir Konzertatioune finanziell unerkannt géif ginn.
Et waren invitéiert
Dr. Paul Hédo
President vun der Psychiatrie a Psychotherapie- Associatioun SPPPL a Chef de Service vun der Psychiatrie adulte am CHL
Dr. Nora Wurth
Pedopsychiaterin a Psychotherapeutin, déi am Centre Hospitalier Kanner bis 13 Joer betreit a Jugendlecher an hirer Privatpraxis
Dr. Salima Aarab
Kanner- a Jugendpsychiaterin a Psychotherapeutin bei den Hôpitaux Robert Schumann, Responsabel fir d’Dagesklinik zu Esch
Dr. Jean-Marc Cloos
Psychiater, spezialiséiert ënnert anerem an der Suchttherapie, medezineschen Direkter vun de Psychiatrië vun den Hôpitaux Robert Schumann
De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)