Eis Nopere wielen e Sonndeg hiren neie President oder Presidentin, ma déi 48 Millioune Walberechtegt decidéieren net just iwwert d'Politik a Frankräich.

Den Emmanuel Macron gewënnt den zweeten Tour vun de Presidentiellen e Sonndeg, dovunner ginn op alle Fall emol déi 7 Politiker aus, déi en Donneschdeg den Owend Invité an der Emissioun Kloertext op der Tëlee waren.

Si rechne mat engem knappe Resultat zu Gonschte vum aktuelle franséische President an déi allermeescht ënnert hinne géifen eng Victoire vum Emmanuel Macron och begréissen.

Net well se alleguer begeeschtert si vum Emmanuel Macron, mä well seng Géignerin, d'Marine Le Pen, bal a jiddwerengem sengen Aen eng Rietsextremistin ass. Just net an deene vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Ech mengen, dat ass en Terme, deen een esou net méi ka soen. Et kann ee jo net dono soen, 45 (oder méi) Prozent vun de Fransouse wären d'extrême droite. Ech mengen, et muss een einfach gesinn, datt et och eng Entwécklung gëtt an der politescher Landschaft, och am Rassemblement national, wou d'Madamm Le Pen och iwwert déi lescht Jore probéiert huet, sech méi zentral, méi moderat ze positionéieren an dofir mengen ech, sollt een och an der Terminologie deem Rechnung droen."

Eng Meenung, mat där de Fernand Kartheiser eleng do stoung.

"Wann der beim Gebeessdëppchen d'Etikett erofhuelt an eng aner Etikett drop maacht, dann ass awer nach ëmmer dat selwecht Gebeess dran an esou ass et och beim Front national, beim Rassemblement national, Marine Le Pen, dir kënnt et elo nenne wéi der wëllt. Fir mech sinn et nach ëmmer déi selwecht Leit, déi déi selwecht Iddie vertrieden.", esou de Fraktiounschef vun der LSAP, den Yves Cruchten.

Och fir déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass kloer, datt den Terme "rietsextrem" fir d'Marine Le Pen nach ëmmer passt, dat hätt een och am Debat e Mëttwoch den Owend gesinn.

"Wéi se op eng Kéier lachéiert huet, wéi se vum "Ensauvagement" geschwat huet, vun der "Barbarie" an dunn direkt de Lien gemaach huet "et pour cela il faut régler l'immigration". Dunn ass erëm voll zur Wierkung komm, wat se ass. Et ass eng rietsextrem Partei. Total nationalistesch, xenophob an anti-europäesch."

Och den David Wagner vun déi Lénk géif Macron wielen, allerdéngs manner aus Iwwerzeegung.

"Ech mengen, datt den Här Macron kee richtegen Demokrat ass. En huet dat jo 5 Joer laang bewisen, zum Beispill mat de gilets jaunes. D'Repressioun war nach ni sou schlëmm a Frankräich. Et ass kee richtegen Demokrat. Allerdéngs ass d'Madamm Le Pen eng Faschistin. Ech soen dat ganz kloer. Et ass net just rietsextrem. Wat hannert dem Le Pen ass, ass ganz geféierlech."

De liberalen Europadeputéierte Charel Goerens sot, hie géif hoffen, datt d'Marine Le Pen ni eppes ze soe kréich. Hien huet donieft betount, datt d'Walen a Frankräich méi e groussen Impakt op Lëtzebuerg hätten wéi déi nächst Gemengen- a Chamberwalen.

"D'Madamm le Pen huet ganz kloer verstanen, wou se den Hiewel muss usetzen, fir d'Europäesch Unioun aus den Aangelen ze hiewen. An zwar wëll se de Prinzip vun der "Primauté du droit européen" iwwert den droit national aushiewelen. Dat heescht am Kloertext, dann ass d'Credibilitéit vun der Europäescher Zentralbank fort, d'Autoritéit vun der europäescher Cour de justice ass a Fro gestallt an dann hu mer mat hier, mat Polen a mat puer Leit an Däitschland an Ungarn, dann hu mer schonn en drëtt oder véiert Land, an deem de Putin regéiert."

Och den CSV-Deputéierte Serge Wilmes huet ënnerstrach, datt et net egal ass, wie Frankräich regéiert. Dat misste Leit sinn, déi koherent sinn, déi eppes kennen, déi hir Geschicht kennen, déi eng Visioun hunn a sech kloer zu Europa géife bekennen. D'Marine Le Pen hätt dat net.

De Sven Clement vun de Pirate sot, hie wier schockéiert driwwer, datt déi zwee Kandidate puer Deeg virun der Echeance nach ëmmer soen, datt een nach kéint Adaptatiounen am Walprogramm maachen a freet sech, wat dann esou en Debat, wéi dee vun e Mëttwoch bréngt. Deen ass an den Ae vum Deputéierte vun de Piraten net méi zäitgeméiss.

Eis Invitéen:

Charles Goerens, DP
Europadeputéierten

RTL

Yves Cruchten, LSAP
Fraktiounschef

RTL

Tilly Metz, déi gréng
Europadeputéiert

RTL

Fernand Kartheiser, ADR
Deputéierten

RTL

David Wagner, déi Lenk
fréieren Deputéierten

RTL

Sven Clement, Piraten
Deputéierten

RTL

Serge Wilmes, CSV
Deputéierten

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)