Am Kloertext op der Tëlee stoung elo virun Ouschteren de Sënn vum Liewen am Mëttelpunkt mat der Fro, wou mer dee fannen.

Domadder verbonne war och eng Diskussioun iwwert d'Kathoulesch Kierch an d'Bedeitung, déi si fir d'Leit zu Lëtzebuerg huet. Enger rezenter Ëmfro no soen nach 37 Prozent si wiere reliéis, de Gros dovunner si Katholicken. Viru 15 Joer louch dee Chiffer nach bei 75 Prozent. Zuelen, déi confirméieren, datt d'Kathoulesch Kierch ëmmer méi Afloss verléiert.

Wéi kann a soll se dorop reagéieren?

"D'Kierch muss reformfäeg bleiwen, soss gëtt et se eng Kéier net méi", seet d'Renée Schmit, d'Direktesch vum Centre de formation diocésain a Responsabel fir d'Oktavpriedegten dëst Joer.

Mä ass den Drock, dee Reformen dacks brauchen, scho grouss genuch?Vill Jonker géifen et zum Beispill ongerecht fannen, datt Frae keen Zougang zum Weiamt hunn an dat och soen, esou d'Renée Schmit: "Do wäert eng Generatioun erop kommen, déi eng Ännerung wëll hunn. Et ass eng intern Fro an dat intresséiert deelweis dobaussen d'Leit net esou vill wéi heiansdo d'Medien."

"C'est l'indifférence qui tue" gëtt de Psychiater an Auteur Paul Rauchs ze bedenken, deen anengems bësse provokativ freet, wéi et méiglech ass, datt d'Kierch wéinst klore Fäll vun Diskriminatioun net verbuede gëtt. Géif en neit Gesetz gestëmmt, géif schliisslech och "d'Commission des droits de l'homme et de la femme" op Diskriminatiounen uecht ginn a fuerderen, datt se gestrach ginn.

Hie weess aus senger Praxis, datt e Liewen ouni Sënn fir vill Leit eppes ass, wat ee kaum kann erdroen an datt déi mannste Leit en a sech selwer fannen. Deen éischte Sënn, deen de Mënsch sech ginn hätt, wier d'Relioun gewiescht, mä wou fënnt een deen, wa Relioun ëmmer manner wichteg gëtt?

Fir d'Philosophin Nora Schleich muss ee sech froen, wat soss an der Gesellschaft als eppes Gemeinsames ka gëllen: "Dat ass warscheinlech awer eppes wéi d'Famill. D'Verbindung zu engem, deen ee gär huet. D'Léift, och wann dat eventuell e bëssen ze vill romantesch kléngt. Vill aneres hu mer net, wou mer eis gemeinsam drun unhale kënnen."

D'Famill ass och fir Leit, déi um Enn vum Liewe sinn, eppes ganz Wichteges, zesumme mat der Fro, wat een hannerléisst, weess d'Directrice vun Omega 90, d'Nicole Weis-Liefgen. An där Phas wier de Sënn vum Liewen eppes ganz Wichteges. Si geséich awer och bei hirer Aarbecht, datt d'Relioun fir vill Leit keng grouss Roll méi spillt.

"Et sinn nëmmen nach wéineg Leit, déi sech Kraaft huelen un der Relioun, awer effektiv mierkt een, datt et da fir si méi einfach ass. Déi aner Leit, virun allem bei eis am Haus mierkt een dat, déi hunn eppes fonnt, dee schlussendleche Sënn, deen ass iergendwéi doranner d'Enn vum Liewe gutt ze meeschteren."

Fir den Artist a Kabarettist Pascal Granizc, deen zënter enger schroer Kriibserkrankung virun allem Iwwerliewenskënschtler ass, ass d'Fro vum Sënn iwwerflësseg.

"Mécht et Sënn iwwert de Sënn vum Liewen nozedenken? Fir mech mécht dat zum Beispill kee Sënn, well ech beschäftege mech mat Saachen, déi ech mer souwisou net kann erklären, ergo, beschäftegen ech mech vill méi mam Sënn vum Liewen, wéi mat mir selwer a mäi Liewen ass mir méi no, wéi de Sënn vum Liewen."

Gott oder an eng Relioun hu fir de Pascal Granizc ni eng Roll gespillt, wéi e seet. Och net wéi d'Dokteren him virun zwee an engem hallwe Joer gesot hunn, datt hie Kriibs hätt an d'Prognos bei dräi Méint léich. Hie probéiert dofir ze suergen, datt e sech all Dag op deen nächsten a sengem Liewe ka freeën.

Eis Invitéeën am Kloertext

Paul Rauchs

Psychiater a Psychotherapeut

Auteur

RTL

Nora Schleich

Philosophin

Programmkoordinatrice Erwuessebildung

RTL

Pascal Granicz

Iwwerliewenskënschtler

RTL

Nicole Weis-Liefgen

Direktesch Omega 90

RTL

Renée Schmit

Direktesch Centre de formation diocésain

Verantwortlech fir d’Oktavpriedegten 2023

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.