Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vu fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28 - ausgerechent an der Wüüst.

Wat sinn d’Enjeue vun der Cop 28, déi de Moment zu Dubai tagt ? A wat sinn déi méiglech Konsequenze vun engem neie Klima-Accord fir Lëtzebuerg?
Ausgerechent am Emirat Dubai, dat duerch Pëtrol räich ginn ass, ass de Moment d’Klimakonferenz, bei där ëm den Ausstig doraus geet. Ma De Paul Polfer vum Klimabündnis Lëtzebuerg sot awer:

"Bei berechtegter Kritik, datt do d’Ölscheichs sech d’Klensch an de Grapp ginn - an datt do och ganz vill Dealen a Punkto  fossil Energien hannert de Kulisse gemaach ginn, muss een awer soen  -  et ass deen eenzege Forum, dee mer hunn."

An et wier och déi eenzeg Plattform, op där d’Länner aus dem globale Süde vertruede wieren. Den CSV-Deputéierte Christophe Hansen sot sengersäits, wann dës Cop e Succès géif, ...
 
"... da kéinte mer dorop rauskommen, datt dat heiten den Ufank vum Enn vun de fossille Brennstoffer wier."

D’Decisioune vun der Cop mussen herno op europäeschem an nationalem Plang ëmgesat ginn. An dofir sot de Paul Polfer:

"Wa mer lo mol bei eis kucken, da bedeit dat d’Enn vum Tanktourismus. Dat bedeit, datt Lëtzebuerg ganz kloer a vill méi sec Schrëtt misst aleeden, fir aus dem Tanktourismus erauszekommen."

De René Winkin vun der Fedil fënnt schwiereg vun Tanktourismus ze schwätzen, well d’Camion, déi hei getankt hunn, souwisou am Transit wieren. Mee well et Upassungen op den Accisen fir Camionsdiesel gouf, huet hie festgestallt :

"Déi tanken elo an der Belsch. Dat ass jo och de Gros vun eiser Reduktioun hei zu Lëtzebuerg. Do duerfe mer eis och näischt virmaachen. Mir si nach net schrecklech an den Emissiounen erofgaangen, well mer besser gi sinn. Mir si erofgaangen, well iwwer Fiskalpolitik d’Emissioune bei d’Noperen, notamment bei d’Belsch drécken."

D’Claire Delcourt huet gemengt, wann d’Klimaziler sollen erreecht ginn, misst een op den technologesche Fortschrëtt setzen. Ma bei der grénger Transitioun, esou d’LSAP-Deputéiert:

"Do ass natierlech och ëmmer e bëssen d’Saach vun der sozialer Gerechtegkeet an dozou gehéiert dann och eng gewëssen Akzeptanz, fir dat kënnen ëmzesetzen. Do musse mer jiddereen mat an d’Boot huelen an ech hoffen, datt dat eis och gelénge wäert."

De Christophe Hansen vun der CSV war selwer och der Meenung, datt d’Subside en Vue vun der Energie-Transitioun an der Elektro-Mobilitéit sollte sozial gestaffelt ginn.

"Et ass grad esou wéi bei décken Autoen. Deen, dee sech eng Porsche Cayenne elektresch ka leeschten, brauch deen eigentlech nach e Subside dofir? Och do misst een emol driwwer diskutéieren, ob wéi engen Héichten dat géif Sënn maachen."

Wat d’Fro vun de sougenannte "Top-Ups" op dëse Subsiden ugeet, duerch déi d’Subside vun der viregter Regierung wärend der Energiekris eropgesat goufen an déi am Prinzip Enn vum Joer auslafen, sot de Christophe Hansen, op d'mannst wat d’Wärmepompelen ugeet :

"Kuerzfristeg musse mer do kucken, datt mer déi Technologie vun de Wärmepompelen ënnerstëtzen, well justement et ass eng Technologie, déi am Moment nach deier ass. Mir mussen d’Masse critique schafen, datt där genuch gebaut ginn, datt mer der genuch dorëmmer hunn an ech ginn dovun aus, datt och do an deenen nächste Wochen, deen Top-Up, wéi e genannt gëtt, wäert bäibehale ginn, op d'mannst fir dat nächst Joer an dono muss een da kucken."

D'Invitéeën am Kloertext

  • René Winkin, Direkter FEDIL

RTL

  • Christophe Hansen, President Ëmweltkommissioun

RTL

  • Paul Polfer, Koordinator Klimabündnis Lëtzebuerg

RTL

  • Claire Delcourt, LSAP-Deputéiert a Member vun der Ëmweltkommissioun

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.