E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg. Am Kloertext hu mer mat eisen Invitéen doriwwer geschwat.

Et kéint een net behaapten, zu Lëtzebuerg géif et keng Wëllkommenskultur, huet den Inneminister Léon Gloden ënnerstrach, deen och zoustänneg ass fir d'Immigratioun.
 
Hie war ee vun den Invitéeën am Kloertext op der Tëlee an huet duergeluecht, datt déi illegal Immigratioun grad fir d'Länner op den EU-Baussegrenzen e grousse Problem ass. Et wier e Gesellschaftsproblem, dee sech europawäit stellt, well et misst een déi Leit, déi wëllen an d'EU kommen, och opgefaange kréien.
 
Zu Lëtzebuerg, wou et 8.200 Better gëtt, wier den eigentleche Problem d'Plaz an de Strukturen, net d'Sécherheet oder d'Kriminalitéit, esou den CSV-Minister Gloden.

"Ech hunn ëmmer refuséiert, de Lien ze maachen tëschent Kriminalitéit an Auslänner. Den ADR huet mech oft genuch gefrot, dat ze maachen. Ech refuséieren dat, well dee Lien, deen ass net do, dat ass eng rietspopulistesch Debatt, déi ech refuséieren".

D'Fabienne Dimmer ass Presidentin vun der ASBL "Catch a smile" an hëlleft Flüchtlingen zënter 2016. An der Debatt iwwert Migratioun stéiert si sech ganz staark um Wuert illegal.

"Et si Leit, déi sinn net dokumentéiert, mä se sinn net illegal. Illegal ass, wann ech eppes maachen, woufir ech ka bestrooft ginn. Mä e Mënsch, dee flücht, e Mënsch, dee fortgeet: Firwat gi mer deem schonn en negative Stempel? Leit, déi dat héieren och dobaussen, soen 'Jo, et ass en Illegalen, en huet eppes Schlëmmes gemaach'. En huet näischt Schlëmmes gemaach. En ass fortgelaf viru Krich oder virun ech weess net wat."

Den Hasan Masrani ass 2017 an nach viru sengem 18. Gebuertsdag aus Syrien geflücht, fir net do mussen an d'Arméi ze goen. Hie konnt nach legal an d'Tierkei areesen, huet do awer net konnte schaffen a seng lescht Chance op e bessert Liewen huet hien an Europa gesinn. Hien huet sech Nuets mat engem iwwerfëllte Boot, wou et mol kee Kapitän gouf, op de Wee a Richtung Griicheland gemaach. Dono koum hien op Lëtzebuerg. Hie schafft elo hei, geet an d'Schoul an ass zënter dësem Joer och Lëtzebuerger.

"Ech hat wierklech vill Chance. No 7 Méint hunn ech direkt den Titre de sejour kritt. Dat war wierklech ganz séier. Ech hat guer kee Problem mat der Prozedur a wéi ech den Accord bis hat, hunn ech direkt probéiert, eng Aarbecht ze fannen."

Géif d'Gesetz à la lettre applizéiert ginn, hätt de jonke Mann nees missten zeréck a Griicheland geschéckt ginn,sou wéi d'Dublin-Reegelen dat virgesinn, ënnersträicht d'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert, déi fréier Riichterin um Verwaltungsgeriicht war a fir méi eng positiv Approche plädéiert.

"Et kommen nach Zäiten, do si mer frou, wann déi Leit wëlle bei eis kommen, well eleng dat ass jo schonn eng Chance. Mir brauche Leit an hunn den Ament eng Situatioun, wou Leit wëlle bei eis kommen. Doraus kann een eppes maachen. Et ass éischter eng positiv Approche, déi ech géif fuerdere vun der Regierung, wéi sech ze vill strikt hannert dem Gesetz ze verstoppen."

Déi fréier Verwaltungsriichterin erënnert drun, datt Politiker trotz dem gesetzleche Kader ëmmer en Ermiessensspillraum hunn a gesäit et och als Roll vun der Politik, de Leit z'erklären, datt net alles esou düster ass, wéi et gären duergestallt gëtt.

D'Invitéeën:

Léon Gloden
CSV-Minister fir bannenzeg Affairen
Als Inneminister zoustänneg fir d’Immigratioun
Jurist vu Formatioun
 
Paulette Lenert
LSAP-Deputéiert
Freier Vize-Premierministesch
Fréier Verwaltungsriichterin
 
Hasan Masrani
Ass mat 17 Joer aus Syrie geflücht
Ass zanter 2024 Lëtzebuerger
 
Fabienne Dimmer
Presidentin “Catch a Smile”
Hëlleft Flüchtlingen zanter 2016