Iwwert seng Grenze goen, do bidde sech haut ganz nei Méiglechkeeten un, fir Kierper a Geescht via Maschinnen an Informatik oder Coaching ze optiméieren.

Dat Bescht aus sech maachen, sech verbesseren, duerno striewe, egal wéi den Drock wiisst, fir an alle Beräicher gutt ze sinn an dat an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi séier dréint!

Wou si d’Grenzen a d'Geforen, wat sinn déi nei Méiglechkeeten duerch Technologie a Fuerschung, oder och Coaching, fir Kierper a Geescht ze optiméieren?

Invitéiert um Sonndeg:Sylvia Camarda

Dänzerin a Choreographin

Luciano Fratini

Indépendant

Handbiker a President vun de Lux Rollers

Georges Bock

Managing Partner bei KPMG

Olivier Treinen

Ausgebiltene Coach fir professionell a privat Leit

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.