No ART on AIR am REPLAYDës Woch bei No Art: Op Besuch am Schwaarzen Haus

RTL Lëtzebuerg
Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.
VIDEO: „No Art On Air“
Méi RTL, dat heescht och “Méi Kultur” mat “No ART on AIR by RTL” - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.

De Joël Rollinger an d’Linda Blaise hu sech nees en Haus, dat wäert ofgerappt ginn, erausgesicht fir et nach emol voll Konscht ze stoppen. Vu bausse fält et direkt op, well et ass ganz schwaarz a bannenan ass dann all Faarf vum Reebou ze fannen an an all faarwegem Raum stellt e Kënschtler aus, eng Kollektiv Ausstellung mat 53 Kënschtler.

RTL-NEWS: VIDEO: Schwaarzt Haus: Al Haiser temporär a Konscht-Galerien ëmwandelenMat an der Sendung war dann och de Graffiti Kënschtler SUMO dobäi, och deen huet ee Wierk hei kreéiert. De Claude Neu war fir eis bis op Metz an den Centre Pompidou an huet sech d’Expo “Couples modernes” ugekuckt.

An d’Patricia Baum hat mat der Galerie Ceysson&Bénétière um Wandhaff Gebuertsdag gefeiert, an sech déi aktuell Ausstellung fir den 10. Gebuertsdag ugekuckt.

De labbere Kulturtalk “No Art On Air” am Café “Gudde Wëllen” an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d’Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Back to Top
CIM LOGO