"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Op Film Theater oder Musek, d'Fabienne Hollwege hat e ganzt intensiivt Joer. Den Ament ass si am Film "De Buttek" am Kino ze gesinn an nächst Woch am Märchen "Rabonzel" am Groussen Theater. Iwwer all hir Projete schwäzt d'Schauspillerin mam Jenny Fischbach.

De Loïc Tanson stellt d'Serie "The Morning Show" vir an d'Claudia Kollwelter hëlt eis mat an de MUDA fir d'Expo "Le temps coudé".

PREVIEW No Art on Air mam Fabienne Hollwege
D'Fabienne Hollwege

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air