Invité: De Lucien Elsen, ausserdeem d'Expo vum Jeff Sonhouse an e Buch iwwer d'Konscht vum Alain Welter.

Zënter 30 Joer ass de Lucien Elsen mat sengem Restaurant Mesa Verde an der Rue du Saint-Esprit an der Stad. Wichteg war him ëmmer dëse Quartier och kulturell ze beliewen. Zënter e puer Joer huet hien och selwer eng nei Passioun entdeckt: Clown.

D'Claudia Kollwelter huet de Moler vu Koler Alain Welter begéint, dee seng Stroossekonscht an engem Buch festgehalen huet.

An de Joël Seiller war sech d'Expo vum Jeff Sonhouse an d'Galerie Zidoun-Bossuyt ukucken.

No Art on Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.