Invitée: D'Brigitte Urhausen, Schëfflenger Konschthaus an d'Galerie Schlassgoart

D’Schauspillerin Brigitte Urhausen ass op den Theaterbünen an um Ecran doheem. Den Ament ass si am Groussen Theater am Stéck "Medea" ze gesinn.

D’Sandy Elsen war sech d’Schëfflenger Konschthaus fir eis ukucken wou den Ament den Duo Lippert & Behrens an d’Florence Hoffmann ausstellen.

De Joël Seiller war net wäit ewech op Esch an d’Galerie Schlassgoart. Hei stinn zwee Kënschtler am Fokus, den Auguste Trémont an den Eric Schumacher.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.