Invitée: D'Claire Parsons, Expo Endodrome a Fraen an der Musek- a Filmwelt.

D'Claire Parsons ass d'Jazz-Sängerin a niewent hirem Solo-Projet steet si mat ganz verschiddene Formatiounen op der Bün.

Nächste Mount kënnt hire ganz neien Album mat der Formatioun "the aquatic museum" eraus. Dee stellt si eis vir an nach Villes méi.

D'Sandy Elsen war sech eng ganz immersiv Expo an den Casino ukucken. Endodrome heescht se an hei gëtt de Spectateur mat an eng psychedelesch Welt geholl.

De Julien Marcy mécht sech fir eis op d'Sich no de Fraen an der Musek- a Filmwelt. An dat mam Podcast: Cherchez la femme.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach. De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.