De Max Thommes
Invitéeën: De Schauspiller a Museker Max Thommes, ausserdeem d'Netflix Serie "Tapie" an di nei Expo an der Galerie Zidoun & Bossuyt
De Max Thommes ass Schauspiller a Museker, den Ament schafft hien intensiv u sengem musikalesche Projet: das Radial. Hien huet sech en Alter Ego Personnage kreéiert, hallef Mënsch, hallef Roboter, deen an enger dystopescher Welt lieft. Doriwwer an iwwert seng Schauspill Projete schwätzt hien am No Art on Air.
De Loïc Tanson huet sech déi franséisch Serie «Tapie» fir eis ugekuckt, eng Geschicht iwwert dem Bernard Tapie säi Liewen, wou d’Realitéit an d’Fiktioun sech matenee vermëschen. D’Patrcia Baum war sech an de d’Galerie Zidoun & Bossuyt d’Expo vum Khalif Tahir Thompson ukucken. E jonken amerikanesche Moler, deen hei seng éischten Expo an Europa wéist.
No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.