Am Studio ass de Museker Josh Island. Ausserdeem ware mir am éischten IMAX-Kinosall zu Lëtzebuerg an um ronne Gebuertsdag vum TOL.

Den Josh Island ass e jonke Museker, deen een awer schonn zënter enger Zäit mat senge poppege Songs um Radio héiert. Elo bréngt hie säin alleréischten Album eraus, iwwert deen a villes méi zielt hien am No Art on Air. De Julien Marcy huet sech den éischten IMAX-Kinosall am Grand-Duché ugekuckt. Ze gesi gouf et do de leschte Film vum Martin Scorsese, "The Killers of The Flower Moon". Wuertwiertlech grousse Kino.

D'Sandy Elsen war um ronne Gebuertsdag vum TOL a kuckt op d'Geschicht vun dësem klengen awer wichtegen Theater zeréck.