All Woch verëffentlecht EA an der Futtball-Simulatioun eng sougenannten Ekipp vun der Woch mat deene beschte Spiller. Och am neie Spill ass dëst de Fall.

Dës Spiller vun der Woch kréien dann eng verbessert Versioun vu sech am Spill bereet gestallt. Nodeems d'Spill zënter knapps 10 Wochen dobaussen ass, huet sech fir d'éischt Kéier an EA Sports FC 24 e Lëtzebuerger an dës Ekipp erageschlach. Rieds ass dobäi vum Gerson Rodrigues, dee fir seng gutt Leeschtung am Nationalekippstrikot belount gouf. Dës Kaart kënnen d'Spiller an d'Spillerin am Spillmodus Ultimate Team elo benotzen, fir sech eng Ekipp aus 11 Futtballspiller zesummenzestellen. Verdéngt huet sech de Gerson Rodrigues dës Kaart, doduerch datt hie bei der 4:1-Victoire géint Bosnien-Herzegowina zwee Goler markéiert huet a hien am Match géint Liechtenstein, an deem Lëtzebuerg iwwert wäit Strecke vum Match an Ënnerzuel gespillt huet, den entscheedende Gol fir d'1:0-Victoire geschoss huet.

Den Upgrade, deen de Lëtzebuerger vun EA Sports spendéiert krut, ass iwwerdeems immens. Seng ursprénglech Gesamtstäerkt läit bei 70. Op senger Inform-Kaart krut de Rodrigues allerdéngs eng 83 spendéiert, wat engem Surplus vun insgesamt 13 Punkten an der Gesamtstäerkt entsprécht. Mat dësem Upgrade verbessert sech de Rodrigues vun enger sëlwer op eng gëlle Kaart.

RTL

© Futbin / Screenshot

Et ass allerdéngs net déi éischten Inform-Kaart, déi de Rodrigues vun EA Sports kritt. Schonns a FIFA 21, a FIFA 22 an och a FIFA 23 krut de Gerson Rodrigues eng Inform-Kaart wéinst senge gudde Leeschtunge spendéiert.

Am Ganze kruten d'Lëtzebuerger vun EA Sports bis ewell aacht Mol eng speziell Kaart zougedeelt. Deen éischte Lëtzebuerger, deen eng speziell Kaart krut, war de Maxime Chanot a FIFA 15. Am Spill FIFA 17 krute souwuel de Maxime Chanot, wéi och de Chris Philipps eng Inform-Kaart spendéiert. A FIFA 20 war et dunn de Christopher Martins, dee mat enger oranger Man-Of-The-Match-Kaart, eng speziell Kaart vun EA Sports krut. De Schluss maachen dann déi véier Kaarte vum Gerson Rodrigues an de Spiller FIFA 21, FIFA 22, FIFA 23 an EA Sports FC 24.