Nintendo Switch 2 kënnt de 5. Juni op de Marché
E Mëttwoch huet de japanesche Videospillgigant éischt konkreet Detailer zu senger neier Konsol verroden.
Wichtegst Nouvelle ass déi, datt d'Konsol vum 5. Juni un disponibel ass. D'Switch wäert dobäi nei Funktiounen an och eng ganz Rei nei Spiller matbréngen. Sou ass zum Beispill, wéi schonn am Virfeld spekuléiert gouf, en neien Deel aus der Mario-Kart-Rei annoncéiert, nämlech "Mario Kart World", bei deem et sech ëm dat éischt Open-World-Spill vun der beléifter Course-Rei handele wäert. Och op Titel wéi Streetfighter 6, Hades II oder Elden Ring, wat bis ewell just fir PlayStation, Xbox a PC disponibel war, kënne sech d'Nintendo-User freeën.
Mëtt Januar gouf d'Konsol schonn offiziell annoncéiert an an engem Trailer gewisen. D'Switch 2 wäert sech optesch net vill vun hirer Virgängerin ënnerscheeden, mat Ausnam vum Ecran, dee méi grouss wäert sinn.
Och soll d'Konsul um Niveau vun der Leeschtung méi staark ginn. Den Hybrid-Prinzip, no deem d'Switch vun enger Handheld-Konsol op en Uschloss un d'Tëlee gewiesselt ka ginn, gëtt bäibehalen. Eng weider nei Funktioun ass den duerch e Mikro un der Konsol integréierte Voice-Chat, mat deem Spiller ënnertenee kommunizéiere kënnen. Kaschte wäert d'Switch 2 ëm déi 470 Euro an ass domadder däitlech méi deier wéi hir Virgängerin.
Déi éischt Nintendo Switch ass déi éischte Kéier 2017 op de Marché komm an huet sech zanterhier iwwer 146 Millioune mol verkaf.