"Sinners" vum Ryan Coogler
Fir säi fënnefte Kinospillfilm huet de Ryan Coogler, Regisseur vun "Black Panther" a "Creed" en originale Blockbuster realiséiert, dee vum Gangsterfilm bis iwwer an den Horrorgenre geet.
Ufank der 30er Joren zu Clarksdale, matten am Mississipi, dreemt e jonken Afro-amerikanesche Paschtouersbouf vun engem Liewen an enger Karriär als Bluesmuseker. Wa seng zwee Cousinen, déi gefaarten a renomméiert Gangster-Zwillinge Stack a Smoke, no 8 Joer vun Chicago erëmkommen, fir hiren eegene Blues Club an hirer Gebuertsuertschaft opzemaachen, kritt de jonke Sammie endlech d'Geleeënheet, säin Talent op der Gittar ze weisen. Ma de beschten Owend a sengem Liewe gëtt séier zu enger Horrorschluecht, wann dräi Museker mat ireschen Originnen am Club opdauchen an op Blutt aus sinn.
Mat sengem originelle Blockbuster mam Titel "Sinners" imposéiert den Afro-Amerikanesche Realisateur Ryan Coogler sech als de nächste groussen Auteur zu Hollywood wou original Konzepter, ausser de Numm Christopher Nolan steet drop, zënter Joerzéngten ausgestuerwe sinn. "Sinners" ass net nëmmen en technesch extrem stimuléierenden, fir net ze soe perfekte Film, deen awer och op eng ganz eegen Handschrëft an e metaphorescht a fest geankerten Dréibuch zeréckgräift. "Sinners" daucht an Thematike wéi d’Kriminalitéit, d’Fräiheet, Fridden an d’Gewalt op ganz eege Manéier an, andeems en eng al Legend vun der Bluesmusek an engem Pakt mam Däiwel nees opliewe léisst. Deels Musical mat engem faszinéierende Soundtrack, Deels Gangsterfilm ass "Sinners" net nëmme pueren Entertainment deen duerno an de bluddegen Vampir-Horrorfilm iwwergeet, ma och e politesche Statement, deen op grandios Manéier säin eegene Prozess mam Rassismus a mam Ku-Klux-Klan mécht.