De Festival vu Cannes leeft zënter e Mëttwoch op Héichtouren, 110 Filmer ginn hei an 12 Deeg gewisen an dorënner och en typeschen Amerikanesche Blockbuster. De Loïc Tanson ass op der Croisette an huet Mission Impossible The Final Reckoning gesinn.

Nodeems den Tom Cruise sech de Schlëssel aus den Hänn vun engem Internationale Gangster geséchert huet, ass den Ethan Hunt op der Sich nom Schlass, wou dësen eenzegaarteg Schlëssel drop passt, an zwar en informatesche Server, deen am Häerze vun engem Unterseebot läit, deen awer an den Déifte vum Mier verschwonnen ass. An dëser Course géint Zäit, fir der artifizieller Intelligenz, déi d’Welt well zerstéieren, d’Handwierk ze leeën, gëtt den Hunt ëmmer nees u seng Limitte gedriwwen.

Mission Impossible : The Final Reckoning, den 8. Volet an der Blockbuster-Saga, déi vun enger Televisiounsserie aus de 70er Joren inspiréiert gouf, hat u sech eng eenzeg Missioun, an zwar déi de Kinosgänger mat Action a sengem ganz eegenen Humor ze „entertainen“, wéi d’Amerikaner soen. Dës Missioun schéngt awer eng Saach vun der Onméiglechkeet ze sinn. De Realisateur Christopher McQuarrie an den Haaptacteur a Produzent Tom Cruise hunn en 3-Stonne-Film zesumme gebastelt, deen ëm déi 300 Milliounen Dollar kascht huet. D’Resultat ass e Film, an deem vill ze vill geschwat gëtt. Eng onendlech Expositioun vun der Geschicht, déi u sech dach simpel ass, vu ronn 70 Minutten hëlt all Actionsequenz, déi duerno kënnt, d’Loft an den Ulaf ewech. Derbäi kënnt, datt d’Intrig trotz allen eefällegen a repetitiven Erklärungen, versicht en aktuellt Weltbild ofzeginn, dat nawell un der ongewollter Parodie grenzt. Natierlech sinn dem Tom Cruise seng Stunts, déi hien am Alter vun 62 nach selwer mécht, verréckt a spektakulär. D’Inzenéierung dovunner ass awer ëmsou méi fad. Mission Impossible 8 ass e Potpourri vun all senge Virgänger, dee sech einfach ze vill eescht hëlt an domat déi eenzeg Missioun, déi en hat, net wierklech erfëllt.