"Lilo & Stitch" vum Dean Fleischer Camp
No "The Jungle Book", "Dumbo" oder nach "Snow White" ass et um klenge wuschelegen Ausserierdesche Stitch, fir de Sprong vum Animatiounsfilm zum sougenannte "Live Action" Film ze maachen. De Loïc Tanson war sech déi nei Disney-Produktioun ukucken.
Wann en ausserierdescht Experiment dat op sengem Planéit net wëllkomm ass, säi Wee op ons Welt, fir genee ze sinn op Hawaii fënnt, an op Zerstéierung aus ass, kënnt alles aneschters wéi geplangt, wann dat wuschelegt Déier op dat klengt Lilo trëfft. Déi zwee hunn nëmmen Dommheeten am Sënn ma ginn awer séier zu beschte Frënn.
23 Joer nom erfollegräichen Animatiounsfilm ass et un der Rei vum Stitch e klenge Lifting ze kréien an als sougenannte "Live Action"-Film adaptéiert ze ginn. Genee wéi déi vill aner Disney-Klassiker, déi nei verfilmt goufen, leit och dëse Lilo & Stitch un enger oninspiréierter a puerer kommerzieller Approche fir al Succèsen ze recycléieren. Op der anerer Séit erlaabt dës nei Kinosadaptatioun et, enger neier Generatioun de formidabelen an extrem witzege Personnage vum Stitch um groussen Ecran ze gesinn. De ganz gelongene Computeraniméierte Stitch ass och de groussen Highlight an dëser Disney-Produktioun, déi fir de Rescht nawell monoton ass an den absolutte Minimum liwwert, fir dem originale Lilo & Stitch trei ze bleiwen.