"Havoc" vum Gareth Evans
Mam Kultfilm "The Raid" huet de brittesche Realisateur Gareth Evans am Joer 2011 den Action Genre nei definéiert. Säi rezenten Thriller mam Titel "Havoc" mam Tom Hardy an der Haaptroll knäppt a Saachen Adrenalin ouni Zweiwel u seng fréier Filmer un.
An enger Metropol déi an der Kriminalitéit ënnergeet, gëtt en desillusionéierte Polizist vun engem korrupte Politiker gezwongen, sech an e brutalen urbane Krich tëschent verschiddene "Gangs" anzemëschen, fir deem säi Jong ze retten.
Mat der Netflix-Produktioun "Havoc" kënnt de brittesche Realisateur vun "The Raid", de Gareth Evans, bei de pueren Action-Genre zeréck. Vun der éischter Minutt u gëtt de Spectateur an eng surrealistesch Welt katapultéiert, wou jidderee korrupt, fundamental béis a gewalttäteg ass. Dës Ausgangspositioun erlaabt dem Evans et Actionsequenzen an de verschiddenste Forme mat engem hektesche Rhythmus uneneen ze réien. Dësen organiséierte Chaos dee wuel spektakulär, wann och immens brutal ass, stellt all aneren Actionfilm aus de vergaangene Joren an de Schied. Dëst geet awer wéi sou oft op d’Käschten vun enger déifgrënneger Intrig oder komplexe Personnage.
Den Tom Hardy iwwerzeegt wuel wéi gewinnt duerch seng physesch Presenz eleng, trotzdeem ass Havoc virun allem en "Exercice de style" an en Hommage un de Hong-Kong Kino aus den 80er- a 90er-Joren, deen no enger Zäit duerch en Iwwerschoss vu bluddeger Action dach eng Grëtz monoton ka ginn.