"Warfare" vum Alex Garland a Ray Mendoza
Nom dystopesche Film CIVIL WAR signéiert de Regisseur Alex Garland e weidere Krichsfilm mam Titel WARFARE, deen hien zesumme mat engem Krichsveteran co-realiséiert huet. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.
Eng Dosen amerikanesch Navy Seals sëtzen am Irak am Joer 2006 an engem Haus fest, dat ënner Beschoss steet. Fir lieweg erauszekommen, si si op Hëllef vu Baussen ugewisen.
WARFARE ass en extrem realistesche Krichsfilm, bei deem den Titel Programm ass. Den EX-MACHINA a CIVIL WAR Regisseur Alex Garland huet dësen immersive Film zesumme mam Krichsveteran Ray Mendoza realiséiert. De Mendoza war selwer bei dëser mësslongener Missioun derbäi a gëtt am Film vum Woon-A-Tai gespillt. WARFARE ass trotz sengem staarke Casting ëm de Will Poulter awer kee Film, dee vu senge Personnagen ugedriwwe gëtt.
Den Haaptpersonnage ass den Horror vum Krich, deen hei ouni Filter an Zensur gewise gëtt. Et ass virun allem déi ganz Aarbecht ,déi um Toun hei gemaach ginn ass, fir de Spectateur an d’Subjektivitéit vun den Zaldote ze katapultéieren, déi aus WARFARE eng technesch extrem maîtriséiert Kinosexperienz mécht. Ouni je en historeschen oder politesche Kontext ze ginn, well WARFARE sech als apolitesche Film gesäit, deen awer trotzdeem op ganz frontal Manéier d’Absurditéit vum Krich exposéiert.